Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - On Dit Que l'Argent Parle Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cleveren Indiepop mat ville Gesiichter

Pixx - Small Mercies

Cleveren Indiepop mat ville Gesiichter

"Small Mercies", den zweeten Album vu Pixx, kléngt wéi e grousse Konveniat vun der Indiemusek. Hanner dem Pseudonym Pixx stécht déi jonk Londonerin Hannah Rodgers. Si verbënnt clever Melodië mat queeschen Arrangementer. D'Vicky Stoll erzielt méi zum Album vun dëser Woch.

auto_stories

3 min

Den zweeten Album "Small Mercies" vu Pixx ass wéi eng Truh mat ville Masken a Verkleedungen, eng grouss Spillplaz, op där sech d'Hannah Rodgers no Häerzensloscht austoobt. Um Cover vun der Plack gesäit een e Querschnëtt vun engem Poppenhaus mat zwee Stäck. Um Rez-de-chaussée kuckt hanner der Fënster ee risegt A an d'Stuff eran, um éischte Stack sinn dann d'Buedzëmmer an d'Schlofkummer. Wat ee méi laang kuckt, wat ee lénks a riets Verweiser op d'Lidder vum Disk erkennt. An der Bidde läit d'Hannah Rodgers, déi 23 Joer al Londonerin, déi sech hanner dem Pseudonym Pixx verstoppt.

Aflëss aus de leschte 50 Joer

Wéi de Coverart et suggeréiert, inzeenéiert sech d'Hannah Rodgers alias Pixx als Poppespillerin a ville verschiddene Kontexter. Ouni groussen Effort kënnt si stilistesch vun Hippchen op Mippchen, och hir Stëmm mécht vu Song zu Song verschidde Wandlungen duerch. Sou kléngt intelligent Popmusek vum zweete Joerzéngt am drëtte Joerdausend. Et héiert een d'Aflëss vun de leschte 50 Joer eraus, e bësse New Wave, e bësse Punk, eng Grëtz Grunge. Deen eklektesche Stilbazar huet natierlech den Nodeel, datt een op dëser Plack ëmsoss no engem Trademark-Sound sicht.

Nodeems Pixx op hirem Debut "Age of Anxiety" nach haaptsächlech hir mental Gesondheet musikalesch opgeschafft huet, geet et um neien Disk ëm Ënnerdréckung. D'Hannah Rodgers ass an engem ganz konservative kathouleschen Ëmfeld opgewuess an huet dat als staark Aschränkung empfonnt. Um neien Disk "Small Mercies" befreit si sech vun der Oppressioun duerch ee falsch geliefte Glawen, mee och vun de Grenzen, déi duerch Konzepter wéi Gender a Konsum gesat ginn. Am Track "Mary Magdalene" versetzt si sech an d'Situatioun vun enger Fra, déi opgrond vun hirem Liewensstil kritiséiert gëtt a - bildlech geschwat - op hir Stengegung waart.

Ofleenung vun archaesche Konventiounen an Traditiounen

An engem Interview mat enger Online-Plattform erzielt d'Hannah Rodgers, wat si am meeschten um reliéise Glawen stéiert: Hir ass opgefall, datt een ni sech selwer géintiwwer dankbar oder houfreg si kann, well een ëmmer dovun ausgeet, datt Guddes vun enger méi héijer Entitéit gewollt ass. Op der Plack "Small Mercies" geet et deemno och dorëms, sech kengen archaesche Konventiounen an Traditiounen ze ënnerwerfe, mee sech auszeliewen an Verantwortung fir säin Handelen ze iwwerhuelen.

Mat "Small Mercies" vu Pixx huet een et mat engem Chamäleon ze dinn. Ouni Ustrengung spréngt d'Hannah Rodgers tëschent de musikalesche Stiler hin an hier. All Track erzielt si aus der Siicht vun enger anerer Figur, a wéi e Formewandler verännert si och hir Stëmm. Trotzdem bleift den Disk lëfteg an agängeg. Méi clever kann zäitgenësseschen Indiepop net kléngen.