Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Hommage un d'musica popular cubana

Conexion Cubana - La Maravilla

Een Hommage un d'musica popular cubana

Dësen Donneschdegowend steet de Brunnenhof zu Tréier ganz am Zeeche vu karibesche Rhythmen, dat mam Concert vun der Formatioun Connexion Cubana. Mat am Bagage huet déi en neien Album, deen d'Temperaturen e puer Grad zousätzlech dierft an d'Luucht dreiwen. De Fred Medernach huet eragelauschtert.

auto_stories

3 min

Latäinamerikanesch Musek live oder doheem an der Fotell ze erliewen ass meeschtens e wibbelege Genoss - an déi bescht Medezin, wann een iren eng Grëtz steif an den Hëften ass, de groen Alldagsblues huet oder einfach mol erëm e bësse Beweegung brauch - well roueg do stoen, respektiv sëtzen ass bei Son, Salsa, Rumba an Ähnlechem nawell éischter schwéier.

Son - dat ass en typesch kubanesche Genre, mat spuenesche Wuerzelen, mat afrikaneschen Aflëss, mat neier Inspiratioun aus der Karibik. Also genee dat, wat aus der manner flotter Kolonialzäit positiv ervirgaangen ass. D'Musek als Schmëlztiegel fir Rhythmus a Gefillsexplosiounen, där mat vill corazon, vill Häerz. Zu den erfollegräichste Vertrieder vum kubanesche Son zielt de Septett Connexion Cubana, déi e Kazesprong hanner der Grenz den Tréierer Brunnenhof no bei der Porta Nigra wuel an eng eenzeg Danzpist wäerte verwandelen. Connexion Cubana - en neie Numm, hanner deem sech awer al Son-Huese verstoppen.

Soneros de Verdad + William Borrego

Hanner dem Bandnumm Cubana Connexion fënnt een nämlech eng Formatioun erëm, déi op Kuba an a ganz Latäinamerika immens populär ass: als Soneros de Verdad si si zanter Joren ënnerwee, mat e sëllechen Albumen am Bagage. Fir de Son och an Europa méi populär ze maachen, hunn déi sechs Soneros e siwente mat u Bord geholl, e Sänger, en Aushängeschëld - de William Borrego. Fir eis wuel éischter en onbeschriwwent Blat, dohanne bei hinnen esou eppes wéi d'Stëmm vum Son, e Latin-Grammy an der Täsch, een dee Jenny a Menni op der Zockerinsel wëllt an der éischter Rei vu senger Band stoen hunn. Dem Nicolas Sirgado, Mastermind vun de Soneros de Verdad ass dat gelongen an elo sinn déi siwen - mat en etleche Gäscht - eben ënner dem neie Numm Connexion Cubana ënnerwee.

Gittaren, Trompett, Piano a Perkussiounen dominéieren - nieft dem Gesang, ob solo oder mat méi Stëmmen - de Sound vu Connexion Cubana. D'Referenze vun den eenzele Museker gi vum staatleche kubanesche Radio- an Fernsehorchester iwwer déi och hei beschtbekannte Los Van Van bis bei Jazzgréisste wéi Arturo Sandoval, Herbie Hancock oder Wynton Marsalis. Den éischten Album als Connexion Cubano dréit den Titel "La Maravilla' a gëtt elo während enger méintelaanger Tour am däitschsproochege Raum presentéiert, mat Tréier oder Saarbrécken als nooste Statiounen. Eng nei Formatioun an en neien Album, allebéid en eenzegen Hommage un d'musica popular cubana an de Son am Besonneschen a roueg dobäi sëtze bleiwen ass wierklech net esou einfach.