D'Äntwert op den éischte Schock war: ee Brainstorm. Engem vun de Mataarbechter säi privaten Hobby sollt um Enn d'Alternativ duerstellen, fir d'Firma eventuell iwwer Waasser ze halen, an dat hoffentlech laangfristeg. Doheem hat den Alban Carmaux schonns eng Zäitchen un enger Koppel Haut-Parleure gebastelt, fir déi hie selwer d'Komponenten ausgewielt an zesummegesat hat.
"Déi meescht Leit wëllen haut een Haut-Parleur, dee méiglechst kleng ass, an esou sinn déi meescht e Kompromëss", esou de Carmaux. "Mir hu komplett op Qualitéit gesat an eis geduecht, wie gutt kléngend Boxe wëllt, dee wëll se och doheem a säin Interieur integréieren, an se gesinn, éischter wéi se ze verstoppen."
De Jacques Hoffmann, Chef vun Amplitude, huet sech ëm de Produktiounsprozess gekëmmert, an eraus koum den Om Origin, deen éischten Hifi-Hautparleur, deen zu Lëtzebuerg entwéckelt a gebaut ass. De Marc Clement huet sech mat deenen zwee kreative Käpp iwwert hire Projet ausgetosch.