Radioen

On air

Notturno  |  Cameron Knowler & Eli Winter - For A Chisos Bluebonnet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coverdale•Page: Hardrock vum Feinsten

Hardrock

Coverdale•Page: Hardrock vum Feinsten

Den Jimmy Page kennt een als Gittarist a Komponist vu "Led Zeppelin". Den David Coverdale gouf bekannt als Lead-Sänger vun "Deep Purple". Zesummen hunn déi zwee 1993 den Album "Coverdale•Page" erausbruecht – eng vun deene beschte Produktiounen, déi déi zwee an hirem grousse Katalog opweise kënnen.

auto_stories

3 min

David Coverdale. Foto: Bigstock

Et si schonn iwwer 20 Joer hier, datt déi zwee Hardrock-Giganten Jimmy Page an David Coverdale hir Kräfte fir en Album zesummebruecht hunn. Den Album mam Titel "Coverdale•Page" koum 1993 op de Maart. Och wann den Titel vun der Produktioun net immens innovativ ass ... den Album ass eng faszinant Allianz vun den zwou Legenden.

Jimmy Page. Foto: picture alliance / Photoshot

Den David Coverdale huet sech bekannt gemaach als Sänger vun "Deep Purple". An den Jimmy Page huet seng gréissten Erfolleger mat Led Zeppelin gefeiert. Datt déi zwee Museker schlussendlech ee Projet zesumme gemaach hunn, war am Coverdale sengen Aen "destiny", Schicksal. D'Chimie huet gestëmmt an den Duo huet ronn 60 Songs zesumme gemaach. Dorënner zum Beispill "Shake my Tree", den Opener vum Album "Coverdale•Page".

Séier ass aus der Zesummenaarbecht e seriöe Projet ginn: Ënnerstëtzung huet sech den Duo Coverdale/Page sech duerch d’Bassiste Ricky Philipps vu "Bad English" a Jorge Casas vu "Montrose" geholl. Och derbäi, den Denny Carmassy, Drummer bei "Heart" an de Keyboarder Lester Mendel. 1993 ass den Album "Coverdale•Page" erauskomm.

En Album, deen iwwerzeegt

"Coverdale•Page" war dem Jimmy Page seng wichtegst Aarbecht zënter der Opléisung vu Led Zeppelin an dem Doud vun hirem Batteur John Bonham. Seng Gittarenaarbecht ass staark, frësch a lieweg, besonnesch a "Shake my Tree", "Waiting on you", "Hot Tonight" an nach "Pride and Joy".

E puer lues, blues-rock Tracks sinn och vun immenser Qualitéit. Zum Beispill "Take Me for a Little While". "Over Now" erënnert dogéint staark u "Kashmir" vu Led Zeppelin.

A "Pride and Joy" spillt den Jimmy Page Harmonika – fir d'éischt zënter dem 1965er Solo a "She just Satisfies" vun 1965. Och d’Dulcimer hëlt hien no laanger Zäit erëm eraus.

Bei de Kritiker ass "Coverdale•Page" gutt ukomm an den Album huet sech uganks gutt verkaf. No enger Zäit ass en awer vu sengem Troun gefall, ënnert anerem opgrond vu schlechtem Marketing. Eng geplangten US-Tour 1993 ass dowéinst an d'Waasser gefall. Schlussendlech huet den Duo Coverdale-Page an deem Joer eng Partie Showen a Japan gespillt.

Derbäi goufen och "Led Zepperlin" Klassiker gespillt an vläicht war dat en Deel vum Problem: Wie wëll Coverdale-Page héiere Led Zeppelin spillen? Béis Zonge behaapten, datt den Jimmy Page nëmme mam David Coverdale wollt zesummeschaffe fir de Robert Plant vu "Led Zeppelin" unzestëppelen.

Nach en Album?

Den Duo Coverdale-Page hat genuch Tracks zesumme produzéiert, fir e weideren Album ze maachen. Souguer zéng Joer nodeem "Coverdale•Page" erauskomm ass, war eng méiglech Re-Editioun am Gespréich. Déi koum awer net.

Trotzdem – de Coverdale-Page Album gehéiert zu de beschte Produktioune vu béiden Artisten. Et ass ee vun den ënnerschätzten Albumen aus der Rockgeschicht: Net wéinst der Qualitéit, mee éischter wéinst dem schlechte Marketing.