Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rockhal wëllt "am Hierscht prett si fir 2.000 Leit"

Nei Mesuren

D'Rockhal wëllt "am Hierscht prett si fir 2.000 Leit"

D'Rockhal wëllt d'Lackerungen, déi virun 2 Deeg annoncéiert goufen, am Summer nach net voll ausnotzen. Den Direkter vun der Rockhal sot, hie wéilt d'Hal am Hierscht prett hu fir nees Concerte mat bis zu 2.000 Leit ze organiséieren.

auto_stories

2 min

Am Summer géif d'Rockhal dogéint haaptsächlech Open-Air-Concerten organiséieren, esou den Olivier Toth:

"Mir haten d'lescht Joer zwou Serië vum Rockhal-Garden gemaach, baussen op der Terrass vum Rockhal-Café. Dat huet de Leit manifestement esou gutt gefall, an deene verschiddenen Artiste mat deene mer geschafft hunn, an eis och. Esou datt mer gesot hunn: Komm mir widderhuelen dat. Mir maachen et awer dës Kéier e bësse méi laang. Esou datt mer dat elo am Juni an am Juli maachen, mat enger Capacitéit vun ongeféier 100-150 Leit."

Duerch Lackerungen, déi virun zwee Deeg annoncéiert goufen, kéint awer elo och méi wäit geplangt ginn:

"Selbstverständlech schaffe mer un engem Zenario, dee mer domat kéinte maachen. Realistesch gesinn, denken ech awer datt dat sech nach bis Ufank Hierscht zitt. Mir sinn elo esou no un der Summer-Saison. Ganz vill geet am Moment Outdoor, do gesäit een och vill Outdoor-Arenaen an esou. Och hei zu Lëtzebuerg ass jo ganz vill Aktivitéit. Mir maachen elo de Garden, an dann iergendwann am September zitt et sech erëm an de Sall zeréck. A bis dohi spéitstens wëlle mer prett sinn, well mer mengen datt do Méiglechkeete wäerte kommen."

Déi nei Covid-Reegelen, déi vum 12. Juni un gëllen, erlaben ënner anerem Evenementer mat bis zu 2.000 Leit ze organiséieren, wann een am Virfeld e sanitäert Konzept zesumme mat der Santé ausschafft.