Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Saache musse ganz séier drastesch änneren"

Amanda Palmer iwwer Klimawandel

"D'Saache musse ganz séier drastesch änneren"

D'Amanda Palmer bedeelegt sech u "United for Climate Justice". Déi amerikanesch Sängerin a Fraerechtsaktivistin ass fir e Concert zu Lëtzebuerg. De Sujet Klimawandel wier ze akut - si kéint net méi just iwwer Ofdreiwung schwätzen.

auto_stories

2 min

"Ech si scho mäi Liewe laang Aktivistin. Mee ech fille momentan eng besonnesch Urgenz", seet d'Amanda Palmer. Et wier en historesche Moment, wou d'Mënsche Solidaritéit misste weise fir d'Zukunft. Si wier Feministin an hätt sech ëmmer fir d'Recht op Ofdreiwung agesat. "Mee alles dat huet kee Sënn, wann et kee Planéit gëtt."

D'Mënschen iwwerall ronderem d'Welt missten erwächen, seet d'Amanda Palmer. "D'Saache musse ganz séier drastesch änneren - an allen Aspekter: wéi mir liewen, wat mir iessen, wat mir maachen ..." Wa mir sou géife weidermaachen, hätt dat katastrophal Konsequenzen.

"Eng global Beweegung"

D'Beweegung wier global, si zum Beispill hätt de Moien an den Noriichten 170.000 Mënschen zu Wellington gesi marschéieren. "Dat ass quasi d'Hallschent vun der Populatioun vun Neiséiland", laacht d'Amanda Palmer. Mir wieren ze laang ze selbstgefälleg gewiescht. Elo géifen d'Leit sech eens ginn doriwwer, wat muss änneren.

Si selwer wier 20 Joer laang gewiescht. Wéi si viru véier Joer Mamm gouf, hätt si nees ugefaange Fleesch z'iessen. No all deem, wat si iwwer den Impakt dovu gelies hätt, géif si elo nees Veganerin ginn.

Dëse Freidegowend ass d'Amanda Palmer fir e Concert am Conservatoire. D'Sängerin hat hir musikalesch Carrière Ufank den 2000 mam Duo Dresden Dolls lancéiert. Si huet sech och en Numm mat hire feministesch Performance gemaach.