Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sitta presentéiert "Part Of Me"

Multikulturell Sängerin

D'Sitta presentéiert "Part Of Me"

D'Sängerin Sitta verbënnt op hirem éischte Solo EP persesch Tonalitéite mat westlechem Pop, Soul an R&B. "Part Of Me" ass eng Sich no Identitéit an eng Exploratioun vun hiren iranesche Wuerzelen. E Mëttwoch stellt si dat neit Wierk vir.

auto_stories

1 min

D'Sitta ass als Duechter vun enger Iranerin an engem Däitschen an der Schwäiz opgewuess. Duerch hiren Job bei enger internationaler Firma koum si op Lëtzebuerg. Mëttlerweil lieft si als fräischaffend Kënschtlerin.

An de fënnef Kompositioune si vill persesch Instrumenter ze héieren. Si selwer bezeechent hir Musek als "Urban Soul with Persian Spice". D'Sitta war selwer nach ni am Iran, si kennt dës Kultur just duerch hir Mamm. Hir musikalesch Edukatioun huet si mat klassescher, westlecher Musek gemaach, an duerno mat R&B a Soul. "Also ass dat hei meng Interpretatioun vun deem Gefill, wat ech a mir hunn."

D'Ausenersetzung mat hirer Identitéit wier en Thema, wat ëmmer nees op verschidde Manéieren an Songs virkënnt, seet d'Sitta. Niewent der Sich no sech selwer wéilt si och d'Verbonnenheet tëscht de Mënschen zum Ausdrock bréngen. "Mir hu méi gemeinsam, wéi dat, wat eis vuneneen ënnerscheet."

Opgeholl gouf den Album zum Deel Marseille vum Ulrich "Yul" Edorth, an zum Deel zu L.A. am Sunset Studio, wou si mam Produzent Joe Chiccarelli geschafft huet, deen ënner anerem de Bassist Reggie Washington fir zwee Songs um Bass konnt engagéieren.


Lauschterenplay_arrow