Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Solistes Européens blécken an d'Zukunft

Resonanzen

D'Solistes Européens blécken an d'Zukunft

An der neier Saison 2019/20 proposéieren d'Solistes Européens, Luxembourg insgesamt zéng Concerten. Véier dovu bilden d'Serie Camerata a si Kammermuseksowenter mat ganz diverse Kënschtler.

auto_stories

3 min

Sief et vum Orchester oder vu Museker, wéi déi Lëtzebuerger Pianistin Sabine Weyer, déi ënner dem Motto "Réminiscences" e Récital proposéiert. Weider Instrumenter, déi am Mëttelpunkt vun de Camerata-Concerten um Programm stinn, sinn d'Perkussioun mat "Percussioun World", oder den Trio Harf, Gei an Cello am Concert "La Harpe Fantastique".

Déi sechs Haaptconcerte gi vun de Solistes Européens, ënner der Direktioun vum Christoph König, wéi gewinnt um Méindeg Owend proposéiert. Typesch fir de Chefdirigent sinn Themeconcerten, an deene bekannte Komponisten oder Wierker mat Onbekanntem kombinéiert ginn. De Motto vun deenen diversen Owenter, déi de Christoph König sech afale léisst, zéien de Public zanter Joren ëmmer méi un.

Och international interessant

An der Saison 2019/2020 sinn zwee Concerten dem däitsche Meeschter Beethoven gewidmet, dëst och am Kader vum BTHVN2020 Joer Bonn, bei där d'Solistes Européens Partner sinn. De Concert "Bach et le Jazz - Avent pour les casse-cous", mat als Solisten dem Erny Hammes a senger Band, beweist, datt de Bach wierklech de Meeschter vun der Improvisatioun war an net zu Onrecht als den éischte Jazzman bezeechent gëtt. Aner Gaaschtsoliste sinn d'Geiste Renaud Capuçon, Tasmin Little, oder nach den Acelga Quintett.

Bref, d'Konzept vun den Themenowenter an de Concert surprise mat ëmmer nees erstaunleche Programmgestaltunge maachen den Orchester Solistes Européens, Luxembourg och international interessant. Diske bei de Labele Rubicon oder Naxos stinn och um Programm. E Must fir sech international um Maart vun der Museksindustrie ze placéieren.


De Manuel Ribeiro huet sech mam Chefdirigent vun de Solistes Européens, dem Christoph König, ënnerhalen. D'Iddi zu originelle Programmer ginn dem Dirigent nach laang net aus.

De Christophe König am Interview beim Manuel Ribeiroplay_arrow


Den Eugène Prim war laang Joren de President vun de Solistes Européens, Luxembourg. Hien huet antëschent d'Funktioun vum Directeur général iwwerholl. Hien ass e Mann vun der éischter Stonn, war sou ze soe bei der Daf den 22. September 1989 derbäi, dem Presentatiounsconcert vun de Solistes Européens am Neien Theater.

Den Eugène Prim am Gespréich mam Guy Engelsplay_arrow


30 Joer an engem Orchester dobäi ze sinn, ass e laangen Dag. D'Braatschistin Petra Vahle huet vun der éischter Stonn u bei de Solistes Européens, Luxembourg matgemaach. Wat ass fir déi Schwäizer Musekerin esou aussergewéinlech bei dësem Orchester? Wat sinn hir beschten Erënnerungen? De Manuel Ribeiro huet d'Petra Vahle gefrot.

D'Petra Vahle am Gespréich mam Manuel Ribeiroplay_arrow


Weider Informatioune fënnt een um Site vun de Solistes Européens: https://www.sel.lu/