Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Danzt do eng Fra oder e Mann?

Christine and the Queens

Danzt do eng Fra oder e Mann?

D'Héloïse Letissier aus Nantes iwwerléisst wierklech näischt dem Zoufall. Ënner dem Numm Christine and the Queens raumt si op hirer neier Plack "Chris" mat verstëbsten Erwaardungen op.

auto_stories

3 min

Danzt do eng Fra oder e Mann? Dës Fro hu sech vill Leit gestallt, wéi den neie Video zum Song "Damn, dis-moi" vu Christine and the Queens virun e puer Wochen erauskoum. Am Mëttelpunkt vun der zweeter Plack steet hire neie Personnage, d'Chris, eng androgyn Mëschung tëschent engem "garçon manqué" an engem Macho aus der aler Schoul. Wou d'Héloïse Letissier ophält an d'Chris ufänkt, dat ass net méi genee auszemaachen. Mee dat ass hir och net wichteg, si ass d'Chris a gëtt där Figur domat eng Authentizitéit, déi net méi echt kéint sinn.

Um Cover vun der Plack kuckt eis d'Chris am Portrait provokant lasziv un, hir kuerz Coiffure an hire Look evoquéiere fréier Ikone vu der Männlechkeet, wéi de Patrick Swayze oder och nach de jonken Travolta. D'Spill mat de soziale Rollen, mat Identitéit, Sexualitéit an Gender zitt sech wéi e roude Fuedem duerch de ganzen Album, deen iwwregens bal identesch op Franséisch an op Englesch erauskoum. D'Plack strotzt nëmmen esou vu musikaleschen, moudeschen a stilistesche Referenzen. Am grad schonn ugeschwate Video vun "Damn, dis-moi" danzt d'Chris mat der Danztrupp La Horde ganz héich iwwer dem Buedem op engem risege Baugerüst. Och den Dekor an d'Kleeder reproduzéieren déi berühmte Foto "Lunch atop a Skyscraper", déi 1932 um Chantier vum Rockefeller Center zu New York entstanen ass. D'Chris fänkt domat eng ganz pur Notioun vu Maskulinitéit an, gläichzäiteg ass et eng Uspillung op d'soziaalt Ongläichgewiicht - d'Blue collars schaffe fir d'White collars.

D'Chris mécht sech deen ënnerschwellege Machismus zu eegen a verkierpert ee Mënsch, dee sech aus gesellschaftlechen Zwéng a binäre Geschlechterrollen näischt mécht. Si reklaméiert, ähnlech wéi schonn d'Musekerinnen Anna Calvi ("Hunter") an Torres ("Three Futures") virun hir, d'Pose vum Ugräifer, déi laang éischter männlech besat war. Ursprénglech sollt den neien Disk vum Damon Albarn a vum Mark Ronson co-produzéiert ginn. Mee ganz séier huet d'Chris gemierkt, datt si hir Visioun am beschte selwer ëmgesat kritt. Am fréiere Paräisser Studio vum Elektro-Duo Air huet si dunn den neien Album an eegener Regie opgeholl. D'Resultat ass vun enger gliesener Kloerheet, déi do uknäppt, wou d'Janet an de Michael Jackson opgehalen hunn.

Den Track "Doesn't Matter" ass just ee Beispill fir déi gelonge Produktioun. Mat ganz vill Goût a mat wéineg Effekter schaaft d'Chris een onheemlech dynameschen Drive. "Chris" vu Christine and the Queens ass genee dat, op dat mir all sou laang gegammst hunn: Een eegewëllegen an aktuelle Pop-Album vun enger Kënschtlerin, déi eppes ze soen huet an déi net aus der Plastik-Pop-Fabrick kënnt. Wien d'Chris wëllt an Aktioun gesinn, dee mécht sech bäi an hëlt sech Ticketen. Christine and the Queens trieden den 11.10. live an der Rockhal op.