Radioen

On air

Tockcity  |  Les Savy Fav - Legendary Tippers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Nues voll Funk

David Bowie - Young Americans

Eng Nues voll Funk

Soul a Funk amplaz Rock a Glam: op "Young Americans" weist den David Bowie am Mäerz 1975 e weidert musikalescht Gesiicht. Mat engem ex-Beatle als Iwwerraschungsgaascht a vill Illegalem als Stäip.

auto_stories

5 min

Mat sengem aachte Studioalbum geet den David Bowie am Mäerz 1975 nei Weeër: "Young Americans" ass e Wiessel ewech vum bis dohinner gewinnte Glamrock a Ziggy Stardust, hin a Richtung Soul a Funk. Domadder weist den Englänner eng nei an eng weider vun de ville Facetten, déi hien zäitliewens auszeechnen.

Hot spot Philadelphia

Opgeholl gëtt d'Wierk zu Philadelphia, déi zu deem Zäitpunkt ugesote Plaz, wat schwaarze Sound ugeet. Disco an Dance Floor stinn do an de Startbléck ... a wien an de Virgänger-Release "Diamond Dogs" eragelauschtert huet an d'Nol op "1984" leet, dee mierkt, datt den David Bowie dat erkannt huet a selwer um Wee zu Anerem ass. Net verwonnerlech fir e Kënschtler, dee seele stoe bleift a bestëmmt och schonn d'elektronesch Elementer vum Nofollger "Station to Station" an der Kopp huet.

Den David Bowie ass op "Young Americans" kreativ, innovativ a wibbeleg, wéi et sech gehéiert fir déi Genren, mat deenen hie sech op dësem Album ofgëtt. Gesondheetlech steet et allerdéngs manner gutt ëm hien: hie gëtt seng staark Ofhängegkeet zou, wat Kokain betrëfft an dierft - op d'mannst spéiderhin - selwer erféiert sinn, wéi hien d'Biller gesäit vun der 17. Grammy Zeremonie, op déi hien agelueden ass: moer, bleech an agefall. D'Kéier kréien ass eng Erausfuerderung ... déi de Museker unhëlt an erfollegräich besteet, wann et och eng Partie Jore sollt daueren a mat vill Krämpes.

Plastic Soul an John Lennon

Am Titel "Win" dicht a séngt hien "I Say It's Hip To Be Alive". Den David Bowie iwwerlieft - vläicht och well hien et fäerdeg bréngt, ëmmer erëm en neie Personnage ze erfannen, en neie Bowie, an dësem Fall dee vum Plastic Soul wéi hie selwer kokettéiert, wann hien als Wäissen op seng schwaarz Musek ugeschwat gëtt.

Déi al Haut op d'Säit leeën, an eng nei Identitéit eraklammen an dobäi kredibel eriwwerkommen: dat ass e schwéieren Exercice, en Danz op der Gillette, an deem den David Bowie Meeschter ass, an dee villen anere Kënschtler manner gutt geléngt.

Fir säin neie Sound ze realiséieren hëlt den Englänner sech zu Philadelphia haaptsächlech amerikanesch Leit an de Studio: deen deemools nach net esou bekannte Sänger Luther Vandross, spéider eng absolut Gréisst am Business, de Saxophonist David Sanborn, de Gittarist Earl Slick, mat Ava Cherry a Robin Clark och zwou vun de beschte Chouerstëmmen ... an e Mann, dee keen erwaart huet op engem schwaarzen Album: den John Lennon. Den ex-Beatle schreift zesumme mam Gittarist Carlos Alomar - dee vun do u fir bal 30 Joer wäert un der Säit vum Bowie spillen - an dem David Bowie selwer deen Titel, deen eng éischt Nummer 1 fir den Englänner an de States gëtt an déi haut nach op all Best of-Kollektioun ze fannen ass: "Fame". De Lennon mécht sech zousätzlech selwer Pleséier a kënnt am Studio laanscht fir bei de Backing Vocals derbäi ze sinn. D'Remark ass awer ubruecht: de knackege funkege Gittareriff ass signéiert "Carlos Alomar"!

Funky a méi räif

Mee domadder net genuch Beatles: mam Lennon/McCartney-Song "Across The Universe" fënnt een eng weider onerwaarten Nummer op "Young Americans". D'Bowie-Versioun ass däitlech méi rhythméiert an opwändeg produzéiert, wéi de rouegen Original op "Let It Be". Wat net onbedéngt jiddwerengem gefält, mee dat ass wuel d'Lous vu ville Coveren an Nei-Interpretatiounen.

Iwwerhaapt ass d'Tracking List, d'Auswiel vun de Lidder, déi een um Album fënnt, aussergewéinlech: esou si Funk a Soul ("Fascination" oder och den Titelsong nieft "Fame" als weidert Beispill) net déi eenzeg Elementer, mat deenen de Bowie iwwerrascht. Et si just emol aacht Lidder mat 40 Minutten, déi hie proposéiert, dorënner dat laangt an dach kuerzweilegt "Somebody Up There Likes Me", den Titel "Win" gëtt eng éischter traureg an nodenklech Grondstëmmung erëm, an e Stéck wéi "Can You Hear Me" - mat groussem Straicher-Ensembel opgeholl - huet näischt méi mat guer net esou ale Kompositioune wéi zu raue Rebel-Rebel-Zäiten ze dinn. Och de "Major Tom" gouf ad Acta geluecht.

Mat just emol 28 Joer weist sech de Bowie méi räif wéi bis ewell, och méi Crooner wéi Rocker.

Weider, ëmmer weider

Den Album kënnt ganz gutt an den USA un, wou e bis op d'Zéng an de Billboard Charts kënnt, "Fame" deet de ganze Globus danzen. Erstaunlecherweis gëtt et keng Tour, déi "Young Americans" nogereecht gëtt, déi nächst ass déi vum Nofollger "Station To Station" dat Joer drop, hei iwwerhëlt de Museker als eenzegt Lidd "Fame" - all déi aner bleiwe live lénks leien.

A propos Nofollger: hei mussen d'Fans an d'Medie sech eelef Méint no de "Young Americans" schonns erëm op e weideren, neien David Bowie astellen a gewinnen - als "Thin White Duke" markéiert hien e weidert Kapitel vun enger eenzegaarteger Karriär. Déi zu deem Zäitpunkt am rasanten Tempo op enger geféierlecher Iwwerhuelspuer verleeft, wéinst dem massiven Dope Konsum, deen de Museker physesch a psychesch zousetzt.

Nach e Stéck weider no vir gekuckt? 1976 verléisst den David Bowie d'USA fir sech zu Berlin nidderzeloossen, dat och fir der Drogenzeen vun L.A. ze entkommen, déi hie fest am Grëff hat. Woubäi mir scho praktesch bei der faméiser Berlin-Trilogie mat den Albumen "Low/Heroes/Lodger", dem Brian Eno an dem Tony Visconti ukomm sinn. Mee dat ass eng aner Geschicht - déi grad esou faszinant a faszinéierend wéi de Bowie selwer ass!