Véierzéng Joer sinn zënter dem leschte Solo-Album vum David Byrne vergaangen. Déi 65-järeg Musekslegend huet no sëlleche Kollaboratiounen, no Konferenzen an no Bicherverëffentlechungen erëm en eegenen Album erausbruecht. Wéi sou dacks scho verléisst den David Byrne sech och dës Kéier op säin ale Frënd, de renomméierte Produzent a Museker Brian Eno, deen d'Beats bäisteiert. Fir déi méi elektronesch Spillereien ass den Amerikaner Daniel Lopatin zoustänneg, deen ee vläicht ënnert sengem Kënschtlernumm "Oneohtrix Point Never" kennt.
Musek iwwert Entwécklungen an den USA
Op "American Utopia" setzt den David Byrne sech mat de rezenten Entwécklungen a senger Heemecht, den USA, auserneen. Mol mécht hien dat op eng satiresch, mol op eng ironesch, mä meeschtens op eng lëschteg Aart a Weis. Direkt dat éischt Lidd "I dance like this" schléit den Danz als Mëttel zum Eskapismus vir. Wierklech no Danze gëtt et engem am Refrain dann awer net.
Op anere Plaze geléngt et dem Byrne, déi gefillten Ohnmacht ganz gutt op de Punkt ze bréngen. Den Titel "Dog's Mind" schwätzt vun de Mënsche wéi vun Hënn, déi just dreemen an net dozou fäeg sinn, selwer aktiv ze ginn.
Et schéngt den David Byrne richteg ze wuermen, datt d'Realitéit zur Fiktioun gëtt. A Krisenzäite ginn haart erkämpfte Wäerter duerch méi primitiver ersat. Am Amerika vum Byrne herrscht de Chaos, deem just nach mat Léift an Zesummenhalt bäizekommen ass. Dës Visioun kënnt virun allem am Lidd "Everyday is a Miracle" ganz gutt eraus.
Flucht: Déi eenzeg Léisung
Gewunnechte paralyséieren eis, Erwaardunge schränken eis an. An Zäite vu Konfusioun an Desorientatioun bleift dem Individuum just eng Méiglechkeet: d'Flucht. Wann et nom Byrne geet, féiert dës Flucht zu enger grousser Party eweg vun der Meenungs-Kakophonie.
Deen neien Disk kléngt erëm zu 100 Prozent nom David Byrne. Dëst ass net zulescht op seng markant Stëmmfaarf zréckzeféieren. De Byrne beweist sech awer alt erëm als exzellente Chronist vum Zäitgeschéien. "American Utopia" ass eng pointéiert a kuerzweileg Bestandsopnam. Wie sech drop aléisst, deen erfreet sech un engem intelligenten an eegene Pop-Album, deen iwwregens grad déi amerikanesch Charts eropklëmmt.