Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De "Bee Gee" mat der Falsett-Stëmm

Neien Album

De "Bee Gee" mat der Falsett-Stëmm

Weltkarriär, Drogenexzesser, Ënnergang, privat Schicksalsschléi a "Comebacks": dës Wierder beschreiwe wuel am beschten dem Bee-Gees-Sänger, Museker a Komponist Barry Gibb säi Liewen. "In the Now" heescht dem Gebuertsdagskand säin neien Album, deen am Oktober eraus kënnt.

auto_stories

3 min

De Barry Gibb ass den 1. September 1946 gebuer (Foto: Picture Alliance)

A sengem neien Album huet de Barry Gibb probéiert déi bescht Säit vu sengem Liewen ze beschreiwen. Et ass e ganz autobiographeschen Album ginn, net bewosst, mä onbewosst. Säi Liewe gouf awer vu villen Tragedië markéiert, eréischt viru Kuerzem ass dem Barry Gibb sengem Mamm Barbara am Alter vu 95 Joer gestuerwen. Vu senge véier Geschwester lieft nach just seng Schwëster Lesley, säi jéngste Brudder Andy an d'Zwillinge Robin a Maurice si schonn dout.

D’Familljeband Bee Gees an ouni Zweiwel een aussergewéinlecht Beispill dovun wat een an der Popmusek alles ereeche kann. Iwwer 200 Millioune verkaaften Disken, dorënner een Album dee sechs Méint laang an de Charts op Nummer 1 stoung.

Eng Gittar fir Chrëschtdag

De Barry Gibb ass den 1. September 1946 op der Isle of Mann gebuer ginn, zwee Joer drop koumen d'Zwillinge Robin a Maurice op d'Welt, mat deenen hie spéider d'Bee Gees gegrënnt huet. Am Alter vun aacht Joer ass de Barry mat der Famill, un der Spëtzt dem Papp, de Bandleader Hugh Gibb, op Manchester geplënnert.

Eng Kéier fir Chrëschtdag krut de Barry vu sengem Papp eng Gittar geschenkt, a vun do un huet hie mat den Zwillingen zesumme gesongen a Lidder geschriwwen. 1958 ass et fir d'Famill a Richtung Australien gaangen, den Teenager-Trio mat den ongewéinlech harmonesche Stëmmen, ass deemools mam Numm "Rattlesnakes" an Hoteller a Cluben opgetrueden , d'Elteren huet déi dräi gemanaged, éischt Succès koumen an och d'Jongen hu mat der Schoul opgehalen.

Perséinlech Problemer kommen op

1967 geet de Barry mat sengem Bridder zeréck op London an den Zentrum vun de Swinging Sixties. Do haten si och séier hir éischt Hitte wéi "New York Mining Disaster 1941" an "To love Somebody" – melodesch, liicht sentimental Softrock-Balladen. Um Zenit vun hirem Succès hunn awer perséinlech Problemer d'Iwwerhand kritt. De Robin mat sengem kloren Vibrato an der Stëmm, ass net eens ginn domat datt de Barry als flottste vun hinnen ugesi gouf.

Déi dräi hunn du probéiert eege Weeër mat Soloprojeten ze goen, mä et war séier kloer: Si fonctionnéieren nëmmen zesummen. 1975 ass de Barry Gibb sech senger Falsett-Stëmm méi bewosst ginn, a mat Samett-Kostümer, de gëllene Ketten an de laange Joer ass hien zu engem Markenzeeche vun de Bee Gees ginn.

"Saturday Night Fever", "Grease"

1977 hunn déi Dräi d'Musek fir de Kultfilm “Saturday Night Fever” mam John Travolta geschriwwen, a hunn Popgeschichte gemaach. Den Titel "Staying Alive" vun deem Album fëllt och haut nach d'Danzpist.

De Soundtrack huet sech 15 Millioune mol verkaf, an huet ee Grammy gewonnen. De Barry Gib hunn dunn och nach den Titelsong fir dem Travolta säin nächste Film "Grease" geschriwwen. Weider Kompositioune vum Barry Gibb sinn "Woman in love" vum Barbara Streisand, "Reaction" vum Diana Ross oder "Heartbreaker" vum Dionne Warwick.

Zanter 46 Joer bestuet

Et gëtt gesot de Barry Gibb géif gär flirten. Fakt ass awer, datt hien zanter 46 Joer mat der fréierer Miss Edinburgh Linda Grax bestuet ass.

Steeräich an d'Mauere voll mat Gëllenen oder Platinn Placken hänken, seet de Barry Gibb – wann en zeréck kuckt – datt et einfach ze vill war. Um Enn konnte si net méi ootmen, si hate keng Privatsphäre méi, goufe gestalked. Marihuana, Amphetaminnen, Halluzinogenen an Alkohol, all Bee Gee hat seng Drog, fir als Superstar ze fonctionnéieren. De jéngste Brudder Andy stierft 1988 op sengem 30. Anniversaire um Drogemëssbrauch.

D’Tragedie geet weider: 2003 stierft de Maurice mat 53 Joer un engem Häerzinfarkt, grad hien, deen ëmmer de Vermëttler tëscht dem Barry an dem Robin war, déi net gutt matenee konnten. Eréischt kuerz virum Robin sengem Doud am Joer 2012 hunn déi Zwee nees zouenee fonnt. De Song "End of the Rainbow" aus dem neien Album huet de Barry Gibb sengem Brudder Robin dediéiert.