Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonk Musek mat engem erfrëschende Bléck

Classic CD vun der Woch

Jonk Musek mat engem erfrëschende Bléck

"Verklärte Nacht, opus 4" ass ee Stéck fir Sträichsextett vum Arnold Schönberg aus dem Joer 1899. D'Stéck baséiert op dem Gedicht "Weib und Welt", oder "La femme et le Monde" vum Richard Dehmel.

auto_stories

2 min

  • W.A. Mozart: Sinfonia Concertante KV 364
  • Schoenberg: Verklärte Nacht, Opus 4
Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten: Ensemble Allegria. Solisten: Maria Angelika Carlsen, Gei - Martha Husum, Alto - Berit Cardas, Gei.


Am Summer 1899 verléift sech de Schönberg an d'Mathilde, d'Schwëster vum Alexander von Zemlinsy a bestuet sech zwee Joer méi spéit mat hir. De jonke Schönberg, 25 Joer al, schreift fir si "Verklärte Nacht" oder "Nuit transfigurée" a manner wéi dräi Wochen. Et handelt sech also ëm e Jugendwierk, nach wäit viru senger Period mat den Dodekaphoniestheorien, hei also mat Akzenter um Spéitromantismus.

Och d'"Sinfonia concertante" fir Gei, Alto an Orchester, mib majeur KV 364, kënnt vun engem jonke Mozart. Enn 1770 hat hien nach keng 20 Joer an hien zaubert en Duebbelconcerto, deen haut a sengem Genre zu engem vun de Reusséiertste gëllt.

Jonk Musek mat engem erfrëschende Bléck

Anescht wéi ee menge kéint ass den Ensemble Allegria keen italieneschen Orchester, mä en norwegeschen a setzt sech nëmmen aus jonke Museker zesummen.

Duerch d'Interpretatioun vu jonke Museker erkléngt "Verklärte Nacht" och jonk a frësch, voller Emotiounen ouni awer an de Pathos vum Melodrama ze falen.

Den Orchester gëtt am Schoenberg sengem Wierk duerch d'Gei vum Berit Cardas zolidd gefouert.

Och dem Mozart seng "Sinfonia Concertante", mat zwou erfuerenen an unerkannten Dammen als Solistinnen, ass eng frësch an energesch Interpretatioun vum Concerto. D'Maria Angelika Carlsen ass Konzertmeeschterin vum norwegesche Radiosorchester an d'Martha Husum ass schonn als Solistin bei de Berliner Philharmoniker opgetrueden.