Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De koreaneschen Draach

Isang Yun

De koreaneschen Draach

Den Isang Yun huet a senger Musek d'Traditioun vun der asiatescher Musek mat den neie Kompositiounstechniken aus dem 20. Joerhonnert verbonnen. Nodeems de Komponist duerch d'Opféierung vu sengem Wierk "Réak" 1966 weltbekannt gouf, ass hie wéinst senger politescher Astellung vu südkoreanesche Geheimagenten entféiert an zu Seoul veruerteelt ginn. De Walter-Wolfgang Sparrer, Mataarbechter a gudde Frënd vum Isang Yun iwwer d'Liewe vun dësem aussergewéinleche Komponist.

auto_stories

4 min

L.B.: Wéi hutt Dir den Isang Yun kenne geléiert?

W.W.-S.: Ech war eng Zort Student vum Isang Yun, wou hien ënnert anerem Professer fir Museks-Ethnologie war. No een, zwee Semester huet hien dat allerdéngs ofgebrach an huet just nach Kompositiouns-Course ginn. Spéider huet hien ee gebraucht, deen iwwert seng Wierker schreift, eng Aufgab déi ech ugangs den 80er Joren iwwerholl hunn. Doraus huet sech dunn eng Frëndschaft entwéckelt. Vun Ufank un sot den Isang Yun mir:

"Et huet kee Sënn wann Dir iwwer ee Wierk schreift, ech hätt gären datt Dir no an no all meng Wierker kenne léiert. Well eréischt dann wäert Dir mech verstoen."

L.B.: Kann een dës Ausso op seng Liewensphilosophie zeréck féieren?

W.-W.S.: Jo, ganz gewëss. Hien huet sech selwer als eng zesummenhängend Eenheet verstanen. Ech hunn am Ufank ëmmer nëmmen Triller, Glissandi, laang Téin a Klangfläche gesinn. Ech hat zu deem Zäitpunkt nach net gemierkt, datt et Phasen a sengem Wierk gouf, an datt sech Wierker déi deelweis zwee Joer ausernee leien wéi Yin a Yang ënnerscheeden.

L.B.: Am Alter vun 38 Joer gewënnt den Isang Yun de Kulturpräis vu Seoul. Mat de Suen, déi mam Präis verbonne sinn, kann hien et sech leeschten op Paräis ze goen. Um Conservatoire well hien déi zäitgenëssesch europäesch Musek kenne léieren. Hie gëtt awer enttäuscht a geet fir seng weider Studien op Berlin. Wéi koum et dozou?

W.-W. S.: Mir wëssen net genee, wat hie sech virgeholl hat. Vläicht wollt hien den Olivier Messiaen kenne léieren. Déi Proffen, déi den Isang Yun zu Paräis hat, hu sech mat de Komponiste Beethoven a Wagner ausernee gesat. Dat war net wierklech dat wat hie sech erwaart hat. Do dernieft waren d'Schoulen a Frankräich deier an hien hat kee Stipendium. Den Isang Yun wousst awer, datt de Boris Blacher - deen a China op d'Welt komm ass - Professer fir Kompositioun zu Berlin war. Dorobber huet seng Hoffnung baséiert, datt de Blacher d'Méiglechkeet hätt, hien als Asiat ze verstoen.

L.B.: Mam Wierk "Réak" geléngt dem Isang Yun 1966 säi groussen Duerchbroch. De Komponist aus Korea hat et gepackt Elementer aus der traditioneller asiatescher Musek mat der zäitgenësseger Musek aus Europa ze verbannen an esou Leit op der Ganzer Welt vu sengem Wierk z'iwwerzeegen. Mä scho kuerz no dësem Erfolleg sollt et zu enger Katastroph kommen: Déi koreanesch Militärdiktatur werft dem Isang Yun vir en Agent ze sinn, entféiert hien a veruerteelt hie liewenslänglech.

W.-W.S.: Dat war nach méi schlëmm, well zu deem Zäitpunkt d'Famill grad nees zesumme gefouert war. Hien hat seng Fra a seng Kanner a Korea zeréck gelooss. An Tëschenzäit sinn d'Kanner an Däitschland an d'Schoul gaangen, an du si béid Elteren entfouert ginn. Den Isang Yun hat d'Militärdiktatur a Südkorea vun Däitschland aus staark kritiséiert. Do dernieft war hie fir e puer Wochen an Nordkorea gereest. An domadder huet hie géint d'Anti-Kommunismus-Gesetz verstouss, wat beseet, datt een net mat engem Nordkoreaner schwätzen dierf.

Dat gouf genotzt fir esou Saachen z'inszenéieren. Et huet sech em eng Inszenéierung vun der Regierung a vum südkoreanesche Geheimdéngscht gehandelt. Dës Entféierung huet zu enger Kris am Bundestag gefouert, wou een doriwwer diskutéiert huet, déi diplomatesch Bezéiungen zu Südkorea ofzebriechen. Schlussendlech ass et der Bundesregierung gelongen, datt de Yun fräigelooss gouf.

L.B.: Als staatenlose Mënsch ass den Isang Yun no méi wéi engem Joer nees zeréck an Däitschland gaangen, wou hien 1995 stierft. Kéint ee soen, datt de Komponist - ganz am Géigesaz zu senger Musek, an där hien ënnerschiddlech Kulturen verbonnen huet - isoléiert am Ausland gestuerwen ass?

W.-W.S.: Jo, hie wollt Brécke bauen. Hie war eigentlech en naive Mënsch, hie war kee politesche Mënsch. Vläicht besser gesot: Hie war en naive politesche Mënsch. Dat, wat hien gemaach a geduecht huet, war d'Visioun vum Fridden a grad zum Schluss vu sengem Liewen wollt hie just nach Fridden. An dëse Fridde mat Korea ass net gelongen.

Réischt 2007 huet déi koreanesch Regierung den Isang Yun rehabilitéiert.