Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De leschte Cohen?

Musikalescht Testament

De leschte Cohen?

Mat 82 Joer huet de Leonard Cohen säin Album 'You Want It Darker' erausbruecht. En Album, dee sech wéi en Testament unhéiert. De kanadesche Songwriter ass schwéier krank. Ass et e musikaleschen Adieu?

auto_stories

3 min

Leonard Cohen. Foto: picture alliance / Tord Litleskare / CITYPRESS24

Ass "You Want It Darker' dem Leonard Cohen säi leschten Album? Säi "Blackstar", fir de Verglach mam David Bowie ze zéien? Et kann een dervun ausgoen: Den 82 Joer ale Kanadier ass schwéier krank. Hie schwätzt just nach, éischter datt hie séngt. Obwuel hien nach ëmmer Geschichten z'erzielen huet. Mee et sinn där, an deenen de Bilan gezu gëtt a vum Enn riets geet.

"You Want It Darker / We Kill The Flame" seet de kanadesche Museker am Titelsong, "Leaving The Table" oder "Travelin' Light" drécken aus, a wéi eng Richtung et geet. An och d'Ausso "I'm ready My Lord" schwätzt fir sech. Mee esou ganz ergëtt de Leonard Cohen sech awer net. Hien ass wuel manifestement um Enn mat senge Kräften, mee hien huet awer säi Jong als Produzent op senger Säit. A vläicht ass et deem ze verdanken, datt "You Want It Darker" zwar en däischteren an heiansdo verbatterten Touch huet. Mee mat liicht beschwéngte Rhythmen, Bouzouki an Twang-Gittar, Kontrabass, Straicher an Hammond-Uergel, verfält den Album ni an en definitive Pessimismus.

Düster, rau an trotzdem sënnlech

"Hineni Hineni", rifft de Leonard Cohen op Hebräesch: "Hei sinn ech". Dem alen Testament no sinn dat d'Wierder vum Abraham, wéi hie vu Gott den Optrag krut, fir säi Jong ze afferen. "Schmerzhaft schön" steet an enger Kritik iwwer "You Want it Darker" - den Album ass düster, rau an trotzdem sënnlech.

Am Juli dëst Joer ass dem Cohen säi Marianne - am wierkleche Liewen d'Marianne Ihlen - u Kriibs gestuerwen. Eng Fra a Muse déi hien um Ufank vu senger Karriäre begleet huet a mat der hien zäitliewens a Léift verbonne bliwwen ass. "So Long Marianne" huet den Hit aus de 1960er geheescht. A sengem leschte Bréif, deen de Leonard senger Marianne geschriwwen huet, stellt hie fest, datt hien hir ni esou no war, wéi elo an datt d'Distanz tëschent hinne béide ganz kleng ginn ass. "Eng gutt Rees wënschen ech dir a mir gesinn eis um Enn vun der Strooss", schléisst hien of.

So long Leonard? Ech fäerte ganz. Et bleiwen awer net nëmmen déi 36 Minutte vu "You Want It Darker". Si si just den Ofschloss vun engem Poet a Charmeur, dee sech op all Album zanter sengem Debut Mëtt de 1960er seng Gedanke gemaach huet, iwwer Gott, d'Fraen, d'Liewen an d'Welt.


"You Want It Darker" ass eisen Album vun der Woch. Déi ganz Woch wäert et Extraiten aus dësem Album ze héiere ginn.