Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Mëttelfanger am Spigel"

Gespréich mat Bodega

"De Mëttelfanger am Spigel"

Bodega vu Brooklyn sinn eng vun den Bands vum Moment. Hiren Debut-Album "Endless Scroll" kritt iwwerall ganz gutt Rezensiounen. Mat hirem nervöse Post-Punk an hiren Texter iwwer Technik a Gesellschaft treffe si den Nerv vun der Zäit. Mir hunn d'Band begéint.

auto_stories

5 min

Bodega wiere kleng Geschäfter zu New York, déi fir d'éischt an der Bronx opgedaucht wieren, an ursprénglech vu Latäinamerikaner gefouert goufen, erkläert de Sänger Ben Hozie.

BH: Wat un dëse "Cornershops" cool ass, ass, datt et eng vun de leschte Saachen zu New York ass, déi net iergend enger grousser Firma gehéiert. D'Firma Walgreens huet esou Geschäfter, déi Duane Reade heeschen, déi een elo iwwerall fënnt. Oder Starbucks a Mc Donalds a sou weider. Et fillt sech un, wéi eng authentesch New Yorker Saach. An dat wëlle mir feieren.

Mäi Spëtznumm ass "Bodega Ben", well ech an der Band Bodega spillen, awer och well ech zweemol am Dag an e Bodega ginn. Meeschtens fir Kaffi a Béier ze kafen - eng Kéier moies an eng Kéier owes.

An der Musek vum Quintett schwéngt Inspiratioun vun aneren New Yorker Gruppe wéi Television a Sonic Youth mat. Och dat wier hir Manéier fir dës Stad ze zelebréieren, seet de Ben Hozie. Datt d'Drummerin Montana Simone am Stoe spillt, wier zum Beispill och eng Referenz un d'Velvet-Underground Batteuse Mo Tucker.

Och d'Aflëss vu Post-Punk Bands aus de spéide 70er, wéi The B-52's oder The Fall sinn evident.

BH: Souguer déi Bands hu sech u Saachen aus der Vergaangenheet zerwéiert. Wann s de eng nei Band ufänks, muss de sech un iergendengem Source-Material inspiréieren. Du gëss ni einfach vum Blëtz getraff. Souguer d'Beatles hu lénks a riets Saache kopéiert. Et geet drëm, wat s de mam original Material méchs. Mir hunn am Fong just Grenze gesat.

Ech mengen awer, datt mir eng modern Approche zu de Genren hunn, déi mir iwwerhuelen. Hip Hop a Sampling sinn e groussen Afloss fir eis. Eis textlech Approche ass ganz anescht, wéi déi vun deene Gruppen.

Mir hunn eréischt eng Plack gemaach, hoffentlech komme mir iergendwann op dee Punkt, wou ee Bodega an der Zukunft kopéiert.

Am Fong misst nach méi geklaut ginn, sou de Ben Hozie. Dat géif d'Kreativitéit fërderen.

Foto: radio 100,7 / ys

D'Aflëss vu Bodega kommen awer net just aus der Musek. D'Nikki Belfiglio an de Ben Hozie sinn allebéid Cineasten. De Godard wier de gréissten Afloss fir seng Aarbecht, erkläert de Sänger. Géint wie riicht sech dann de Song "I Am Not A Cinephile"? Et géifen zwou Zorte Cinephiler ginn, erkläert de Sänger: Gudder a Schlechter.

BH: Et ass verschiddene Leit egal, ob d'Filmer interessant sinn oder net. Eleng de Fait, datt si gewise ginn, gëtt hinne schonn e Wäert. Eng aner Cinephilie, déi ech rejetéieren ass déi, déi alles wat aus Hollywood kënnt als Konscht feiert.

D'Fransousen hunn eng Geschicht doranner: Komm mir kucken dës al Hollywood-Filmer a schwätzen driwwer, wat fir grouss Konscht dat ass. Eng ganz Rëtsch dovu waren et och, d'Hitchcocken an d'Hawken. Awer déi meescht Saachen aus Hollywood, souguer aus de 40er Jore bis haut, ass imperialisteschen Dreck. Feier dat net! Domat geet dat just éiweg weider.

De Ben Hozie veruerteelt also net all Forme vu Cinephilie, just verschiddener. Ausserdeem gesäit hien eng Gefor, wann een ze vill Zäit am Kino oder virum Ecran verbréngt.

BH: Dat hänkt mat deene selwechten Themen zesummen, mat deene mir eis um Album beschäftegen - ze vill Zäit domat verbréngen um Handy ze scrollen oder op Soziale Medien ze hänken - et ass genee déi selwecht Saach. Wann s de dee ganzen Dag am Kino bass, gëtt et d'Gefor, datt s de dech an d'Leit um Ecran verléifs an net an d'Leit an dengem Liewen.

Foto: radio 100,7 / ys

"Endless Scroll" stécht voll mat Kritiken u soziale Medien. De Mëttelfanger wier awer ëmmer an de Spigel gedréint, erkläert d'Sängerin Nikki Belfiglio. An och wa vill Kritik géif am Album stiechen, sollt een en net zynesch ophuelen.

NB: Besonnesch de Ben huet d'Gefill, datt et e romanteschen Album ass. Mir schwätzen iwwer eis selwer, eis alldeeglech Problemer, iwwer dat, wat eis nervt, awer och iwwer eist Liewen. An do kann ee souvill Hoffnung draus zéien.

Kritik u Smartphones a Social Media vu Museker, déi, fir hir Konscht ënner d'Leit ze brénge genee op déi Tools ugewise sinn. Dat ass hypokritesch ...

NB: Dat ass den Haaptzoustand, wann een Artist ass, fir extrem hypokritesch ze sinn. Ech liese grad d'Buch "Picasso - Creator and Destroyer" - hien ass en Zyniker, dee wëllt zerstéieren an zerräissen. Awer gläichzäiteg leet hie souvill Liewen an déi däischter Ofgrënn, déi hie gesäit. Et gëtt sou vill Hoffnung an Ausdrock. E Kënschtler ze sinn, bedeit hypokritesch ze sinn ... am Fong bedeit Mënsch ze sinn, hypokritesch ze sinn ... Kënschtler ze sinn heescht sech där Hypokrisie bewosst ze sinn.

"Endless Scroll" ass den Debut Album vun der New Yorker Band. E koum de 6. Juli eraus a gëtt op ville Bloggen a vun der Musekspress gelueft. Iergendeppes musse Bodega also richteg maachen.

BH: Et huet menger Meenung no vill mat eiser Live-Show ze doen. Zu New York spille mir déi ganzen Zäit, a mir probéiere vill ze touren. Eisen Album ass gutt, verstéi mech net falsch, mee eis Concerte sinn zéngmol besser. Do entsteet eng Brutalitéit, déi den Album einfach net huet. Dat ass net schlecht, ech weess net ob Opnamen dat brauchen.

Vill vum Succès hu mir der Mond-zu-Mond Propaganda ze verdanken. Ausserdeem läit d'Lat fir Rockmusek den Ament extrem niddereg. Mir hu Gléck, eng Rockband am Zäitalter vun der Mëttelméissegkeet ze sinn.


Lauschtert dat ganzt Gespréich (op Englesch)

Listenplay_arrow