Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Pier an de Wollef

E Klassiker fir Kanner

De Pier an de Wollef

"De Pier an de Wollef" ass wuel dat bekanntst Wierk vum Sergei Prokofjew. Op der ganzer Welt opgeféiert, huet dës musikalesch Erzielung och zu Lëtzebuerg Traditioun. Nodeems de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Wierk 2003 well eng Kéier opgeholl hat, ass et elo un der Zäit fir eng nei Editioun. Dës Kéier mam Erzieler Serge Tonnar.

auto_stories

2 min

Eng schéi Melodie, einfach ze verhalen a mat engem frëndleche Charakter: Esou huet de Sergei Prokofjew den Haaptprotagonist am Stéck "De Pier an de Wollef" vertount. Et ass ee vun insgesamt siwe Personnagen aus der Geschicht, déi de Serge Tonnar an d'Lëtzebuergescht iwwersat a fir dës Produktioun ageschwat huet. D'Iddi fir dës Produktioun ass entstanen, nodeems hien an den OPL "De Pier an de Wollef" bei der Porte ouverte vun der Philharmonie op d'Bün bruecht haten. Et ass eng Geschicht, déi einfach gestréckt ass, seet de Serge Tonnar: "... mee, sou wéi d'Musek déi Personnagen ëmsetzt, kann s de der déi wierklech bildlech virstellen. A wat s de méi dacks lauschters, wat s de méi mierks, wéi genial dat gemaach ass, wéi déi eenzel Personnagë musikalesch duergestallt ginn."

Eng Initiatioun an d'Orchestermusek

An der Geschicht vum "Pier an de Wollef" ginn déi eenzel Personnagë vu verschiddenen Instrumenter duergestallt. Dem Pier seng Melodie gëtt zum Beispill vun de Sträicher gespillt, d'Flütt ass de Villchen an de Wollef gëtt vun dräi Core vertount. Dëst Wierk soll Kanner an all Interesséierten, den Orchester a seng Isntrumenter méi no bréngen. Den OPL huet dem Sergei Prokofjew seng musikalesch Erzielung 2003 well eng Kéier opgeholl. De Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie seet, datt et sech bei esou engem Klassiker loune géif, ëmmer nees nei Opnamen ze maachen.

"Bei dem lohnt es sich, dass man [...] alle zehn Jahre schaut: Die Aufnahmen die es gibt, sind das schon die letzt-gültigen, oder glaubt man als Institution, glauben die Künstler dazu was neues anbieten zu können [...]."

En eenzele Projet

D'Produkioun vun der CD "De Pier an de Wollef" ass en eenzele Projet. Grondsätzlech seet de Stephan Gehmacher, datt CDe fir Kanner e schwieregt Thema wier, well:

"[...] man heutzutage einerseits sowieso von der CD weggeht, und auf der anderen Seite auch stark davon weggeht, dass man sozusagen etwas hat, das nur zum Hören ist. Das heißt im Grunde wird es bei uns mehr in die Richtung gehen, dass wir versuchen digitalen Content anzubieten."

An der Philharmonie wier een den Ament amgaang ze kucken, wéi een eng sënnvoll a koherent Offer fir esou en animéierte Contenu zesummestelle kéint.