Danzen a kräischen - doran ass de Stromae e Maestro. Fir d'éischte Kéier huet hien eis 2010 mat sengem Radio-Hit "Alors on danse" a seng melancholesch Partywelt gezunn.
Säi lescht Album bleift dëser Ambivalenz trei, ma musikalesch huet de Bréisseler sech weiderentwéckelt. De Stromae huet heifir déif an d'Musekskëscht gegraff.
"Multitude" ass eng Weltrees, wou den 37-Joer ale Kënschtler express eng Multitüd un Instrumenter vermëscht. Zum Beispill Gei, Cembalo a Rio Funk am Lidd "Fils de Joie".
Gesellschaftskritik als roude Foudem
De Refrain vu "Fils de joie" ass inspiréiert um Charles Aznavour sengem Lidd "Comme ils disent". De Stromae schlängelt sech duerch 50 Joer franséisch Museksgeschicht, ouni datt en eenzegt Lidd stëbseg kléngt.
"Multitude" ass eng Dedicace un d'Verléierer vun eiser Gesellschaft, wéi androcksvoll de Clip vu senger éischt verëffentlechter Single "Santé" weist.
Ma net nëmmen d'Lidd "Santé" beschäftegt sech mat Klassismus, mee d'Gesellschaftskritik zitt sech wéi e roude Fuedem duerch den Album.
Am Lidd "Riez" vergläicht hien seng Dreem vu Räichtum an Erfolleg mat deem vun engem Sans-Papier.
Och Depressioun a Suicide ginn ugeschwat
"Multitude" behandelt och e weidere wichtege Sujet: d'Depressioun, déi de Stromae fir siwe Joer vun der Bün gekiert huet. Hie sengt doriwwer am Lidd "La solassitude", "Mauvaise journée" a "Bonne journée".
Mee dat eigentlecht Häerzstéck vum Album bleift "L'enfer", e Lidd iwwer de Suicide. Fir d'éischt presentéiert am Journal vun TF1 den 9. Januar, gouf säin Optrëtt vu ville Journalisten a Mediewëssenschaftler als "Infotainment" kritiséiert.
Mee d'Lidd hat säi gewënschte Papageno-Effekt: Vu datt de Stromae vu senge Selbstmordgedanke gesongen huet, hu vill Leit sech getraut Hëllef ze sichen.
Dem Stromae säin drëtten Album "Multitude" besteet aus zwielef minutiéis produzéierte Lidder, ouni Feature mat engem anere Kënschtler. All eenzelen Track ass eenzegaarteg, an trotzdeem kléngen se all onverkennbar nom Stromae.
A sengem Comeback erfënnt de Museker sech kenges Wee nei, ma hie festegt weider seng Prominenz an der franséischer Musekszeen.