Radioen

On air

Notturno  |  John Scofield, Vicente Archer & Bill Stewart - TV Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Ruff vun der Waasserjoffer

Siren's Call

De Ruff vun der Waasserjoffer

Dausende sinn am Juni déi lescht zwee Joer dem Ruff vun der Melusina an de Stadgronn nokomm. Am Uelzechtdall bei der Abtei Neimënster, a ronderëm bis zum Melusina a Clausen, sinn och dëst Joer erëm d'Museker lass, mee net nëmmen déi.

auto_stories

2 min

Fir déi drëtt Editioun vum Festival bleiwen d'Equipe vun der Abtei Neimënster an dem Lëtzebuerger Concertsorganisateur Atelier hirer musikalescher Linn trei: international Gruppen aus dem Independent Pop, Rock en Electro stinn op de Bühne vum Abteiparvis, der Salle Robert Krieps an dem Melusina.

Als Tête d'affiche eng Formatioun, déi sech zu Brighton a Südengland zesummefonnt huet, an zanter 2006 live gespillten, deels-elektronesch Musek mat enger onverkennbare Perséinlechkeet bitt: Metronomy.

Méi wéi nëmme Musek

Cat Power, Claire Laffût, Flavien Berger - wie gäre gediegen an originell Popmusek lauschtert, kënnt beim Siren's Call op seng Käschten. Och fir d'Frënn vu Rock-Gittare gëtt et esou Munches: déi iresch Punk-Newcomer IDLES zum Beispill, oder déi méi melancholesch The Holy aus Finnland - ee besonnesche Coup de coeur fir de Programmateur Michel Welter.

"Als Music AND Culture Festival huet de Siren's Call vill méi wéi nëmme Musek ze bidden. Dofir hu mir och d'Participatioun vun deenen anere Konschten nach eemol ausgebaut - an alles un ongewinnte Lieue genotzt, déi mer konnten", esou d'Ainoah Achutegui, déi fir dëse Volet d'Expertise vun der Abtei ausgeschëppt huet.

Fir Grouss a Kleng

Ee vun deene Lieuen ass d'Eglise St. Jean, wou d'Lëtzebuerger Musekerin vum Joer, d'Claire Parsons wäert optrieden. Am Cloître, der Abtei hire meditativen a modern beplanzte Kraidergaart, si Liesunge vun der däitscher Schrëftstellerin Sophie Reyer an der Lëtzebuerger Performance Kënschtlerin Catherine Elsen geplangt. Ee rouege Pol op engem beweegte Site. Am groussen Haff ass och dëst Joer erëm de Creator's Market, dee lokal Kënschtler an hir nei gewonnen Amateuren zesummebréngt.

Et gi Workshoppen, vu Yoga fir Erwuessener bis hin zu enger Philosphéierstonn fir Kanner, Stänn mat Biowäin, an Iessen aus der ganzer Welt. Wann Nouten a Rhythmen duerch den Uelzechtdall halen, an de Wee laanscht den ale Wäschbur op Clausen mat honnerte Lampionen blénkt, dann ass et esou wäit: Stéchdatum Samschden, 29. Juni 2019.

Weider Informatiounen op www.sirenscall.lu