Hien hätt scho méi dacks mat senger Band Legotrip bekannte Lidder op Lëtzebuergesch iwwersat, seet de Serge Tonnar.
Iwwerhaapt hätt hien an de leschte Joren eng Passioun fir Iwwersetzungen an d'Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt, an hie géif geschwënn och e Buch erausbréngen, wat hien iwwersat huet.
Lost in Translation?
Bob Dylan, Francis Cabrel, Antony and the Johnsons an Udo Lindenberg ... Dat wiere gréisstendeels Lidder, déi hie schonn e Liewe laang géife begleeden, seet de Serge Tonnar.
Awer nach laang net all Lidder géifen op Lëtzebuergesch funktionéieren. Virun allem mam Rhythmus géif et dacks net méi an der Iwwersetzung klappen.
Wierder géif et genuch am Lëtzebuergesche ginn. A mir hätte schliisslech d'Fräiheet fir der an dat Däitscht oder Franséischt léinen ze goen.
Traureg Lidder
Eng aner Gefor beim Iwwersetzen an d'Lëtzebuergescht wier, datt et däämlech oder lächerlech kléngt. Virun allem, wann een haaptsächlech eescht oder traureg Lidder interpretéiert. "Et gëtt en trauregen Owend an der Philharmonie", seet de Serge Tonnar. Seng Liiblingslidder wieren alleguer traureg Lidder.
"Sou traureg Lidder, dat ass eppes, wat emotionell déif geet. A wann d'Texter dann och nach immens gutt sinn, dann ass dat eppes, wat s de scho bal net méi kanns lauschteren, well et sou schéin ass."
Ufanks hat de Sänger d'Stécker all eleng opgeholl, a wollt se sou erausbréngen. No den éischter Prouwe fir d'Philharmonie hätt hien awer och nach bei verschiddene Stécker de Georges Uhrwald, de Boris Schmidt um Bass, de Boris Dinev op der Perkussioun an de Frin Wolter um Akkordeon mat opgeholl.