Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Say Laura

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deadly Sadly Whatever

Faszinatioun fir Synthetesches

Deadly Sadly Whatever

Dem Georges Goerens seng nei EP als Bartleby Delicate, annoncéiert fir de 14. Mee, heescht "Deadly Sadly Whatever" an erzielt indirekt seng Entdeckungsrees an d'elektronesch Musek.

auto_stories

1 min

"Ech hu scho virun e puer Joer ugefaange, mat elektroneschen Apparater ze experimentéieren, a vill vun de Songs kommen aus där Zäit."

Et léiert een néierens esou gutt wéi am Teamwork, an dofir ass den Antoine Honorez, alias Napoleon Gold agespronge, fir déi véier Tracks ze produzéieren.

Den Titel "Plastic Flowers" ass schonn eraus, mat engem brandneie Videoclip. En erzielt vun der Schimmt vum Songwriter, sech senger Stëmm ze bedéngen, wann esou vill manner Privilegiéierter kämpfe musse, fir eng ze hunn.

Lauschtert de Song live an akustesch gespillt beim Marc Clement am Interview.