Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi beschte Momenter vum Festival

Eurosonic

Déi beschte Momenter vum Festival

auto_stories

7 min

Beim Eurosonic Festival triede ronn 350 Artisten op. D'Qualitéit ass variabel. Do kann ee séier den Iwwerbléck verléieren. Den Tom Dockal an den Yves Stephany hu vill Concerte gesinn. Hei sinn déi wichtegst Nimm, déi ee sollt behalen.

Donneschdeg

Birthh

Fragil an transparent ass den Elektro Pop vum Trio aus Italien. Hir Kompositioune wierken zum Deel wéi Brouillonen, déi riskéieren an ee Koup ze falen, wa weider Elementer géifen dobäi kommen. D'Referenzen un "The xx" ginn net verstoppt. Awer der Sängerin Alice Bisi hir zart Stëmm, déi enorm Taktsécherheet vum Batteur an dem Gittarist a Produzent seng zeréckhalend Approche loossen een déi séier vergiessen.


Yes I'm Very Tired Now

De Quartett ronderëm de Schwäizer Sänger Marc Frischknecht mécht ee Pop, dee sech u Post Punk an New Wave inspiréiert. Handgemaache Grooves, rockeg Passagen an Hooklines wiessele sech of. Reng optesch si Yes I'm Very Tired Now keng Band, déi besonnesch erausstécht. Virun allem, wann d'Beliichtung am Club sou ongënschteg ass, déi am "Spiegel".


Jacques

Dee franséische Museker ass bis elo dee sympatheschsten Act vum Festival. Ouni Stress mixt de Jacques de Klang vun Objeten aus dem Alldag mat einfache Beats a minimalistesche Synthesizer-Melodien. Säin organesche Lo-Fi Techno äifert kenge Klischeeën no. Genee wéi dem Museker seng Frisur ass seng Musek ee Statement vun der Kompromësslosegkeet. De Concert war an engem spektakuläre Planetarium, allerdéngs hätt ee klengen, verschweesstene Keller op d'mannst genee sou gutt funktionéiert.


Holy Nothing

Dee portugiseschen Trio mécht Elektro-Pop, deen net pretentiéis ass. Am Plaz vun engem Laptop schaffe si mat engem bëllegen, klenge Sequencer. Hinne geet et méi ëm de physeschen Akt vum Spillen, wéi ëm eng perfekt Show. Si loosse Feeler zou, wat hir Musek fir de Public méi spannend mécht. Mention speciale fir de Bassist!


Mëttwoch

Anna Meredith

Maximalistesch, repetitiv an iwwerlueden: D'Kompositioune vun där jonker britescher Musekerin Anna Meredith si keen einfache Kascht. Trotzdem ass hir Musek op eng komesch Art a Weis accessibel. Refraine fir mat ze sangen a Pop-Momenter briechen déi éiweg Crescendoen, déi net seelen un de Philip Glass erënneren. Op der Bühn wuessen hir Laptop-Kompositioune mat Tuba, Cello, Batterie a Gittar zu nach méi bombastesche Kaméidi-Orgien.


Teksti-TV 666

Sechs Gittaren op der Bühn kéint Duerchernee bedeiten. Déi finnesch Band Teksti-TV 666 bréngt et fäerdeg eng geuerdent Anarchie z'inszenéieren. Hiren dreckege Rock'n'Roll ass wéi eng agreabel Infektioun, déi ee soubal net méi aus dem Ouer lassgëtt. Teksti 666 kritt den 100,7-Spaass-Award vum Eurosonic 2017.


Tommy Cash

De Rapper aus Estland jongléiert mat Klischeeën: Der Boma hire Rack aus Russland trëfft op britesch Trap-Sounds. Gender, Drogen, Suen, den Tommy Cash geheit alles an een Dëppen a kacht eng Zëppchen, déi gutt erageet. Vu senger Live-Performance hätte mir eis méi Edge erwaart. An och d'Beats missten op de Leescht geholl ginn: Der Produktioun feelt et (nach) un Drock a Kohärenz.


Gurr

Zwou Frënndinne vu Berlin spille Rock. Kléngt einfach, ass et och. Efficace arrangéiert a mat vill Charme interpretéiert. Virun allem d'Gittare vu Gurr hunn eis et ugedoen. De Sound ass gläichzäiteg schaarf, wéi zu Manchester a waarm, wéi a Kalifornien. Dësen Numm wäerte mir an Zukunft méi dacks héieren. Och zu Lëtzebuerg ass ganz geschwënn ee Concert.