Den Trompettist Pierre Kremer huet och scho méi dacks matgemaach an verschidde Concerti aus dem Barock agespillt.
"Deen Orchester huet eng immens laang Traditioun. En ass duerch seng laang Geschicht staark influenzéiert duerch déi russesch Geieschoul, awer kombinéiert mat engem däitsche Sënn fir Stil. Et muss ee soen, wat do exzellent ass, ass datt een esou spillt, wéi deen aneren. Dat kënnt wéi aus engem Goss. De Klang vum Orchester ass schonn ausseruerdentlech".
Fir den neien Disk "L'âge d'or de la musique baroque" huet de Carlo Jans an de Pierre Kremer awer och den Estro Armonico aus Lëtzebuerg an den Organist Paul Kayser mat an d'Boot geholl.
Um Disk sinn Transkriptioune fir Trompett vu Concerti vum Tomaso Albinoni, Johann Sebastian Bach an Alessando Marcello agespillt. De Carlo Jans ass och an engem Concerto fir Flütt vum Johann Sebastian Bach ze héieren.
Den Disk, dee fir e gudden Zweck geduecht ass, ass ze kréie beim Lions Club Mameranus.