Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Souveränitéit vu Perfume Genius

Pop

Déi nei Souveränitéit vu Perfume Genius

Intim Songs, déi zum Deel opulent arrangéiert sinn. Sou kléngt deen neien Album vu Perfume Genius. Säi Kampf géint d'Sucht a seng Statements als schwulen Artist schwéngen nach ëmmer mat. Awer "No Shape" ass manner direkt a méi erwuessen, wéi dem Museker seng fréier Aarbechten.

auto_stories

3 min

Hannert dem Pseudonym Perfume Genius verstoppt sech den amerikanesche Sänger Mike Hadreas. Säi Coming Out, seng feminin Säit a seng Problemer als schwule Mann an enger testosteron-iwwerluedener Gesellschaft héiert een an all Nout vu senger Musek. Vill Leit mussen e puer mol lauschteren, bis si eraushéieren, ob bei Perfume Geinus e Mann oder eng Fra séngt. Dat ass ee vun de Markenzeeche vum Projet. Et ass eng vun deene Saachen, déi dës Musek auszeechnen a sou besonnesch maachen.

Een anere Leitmotiv vum Mike Hadreas ass säi Kampf géint d'Drogen an den Exzess. "I can see for miles / The same old line / No thanks / I decline" séngt hien um Virgänger "Too Bright". Dat war 2014. Dräi Joer méi spéit weist de Sänger sech vill méi poetesch. Seng wëll Vergaangenheet an den Droge-Kellere vun New-York, säin alldeeglecht Leide mat Crohn's disease an d'Sexualitéit spille weider eng grouss Roll. Awer den Artist huet d'Sujete verschafft, verdaut an hie blitt op an enger neier Souveränitéit.

E groussen Album

D'Direktheet, déi bei deenen dräi éischten Diske vill gelueft gouf, gouf ausgetosch géint eng méi opwänneg Produktioun voller Dynamik an Déift. De Schlofzëmmer-Sound, de liicht verstëmmte Piano, an déi dréche Stëmm si fort. "No Shape" kléngt grouss. Den Artist zitt Regësteren, déi ee bis elo net vun him gewinnt war. Gospel-Chéier, epesch a glamouréis Refrainen, Sträicher a grouss Pop-Gesten iwwerraschen ee beim Lauschteren ëmmer nees. Si kommen dacks wéi aus dem Näischt, wann ee sech grad an engem intimisteschen, luese Couplet vum Sänger awéckele léisst.

De Video zu "Die 4 You"

Awer och déi roueg Songs, ouni Freedefeier-Momenter, bleiwe spannend. Mat villschichtegen, subtille Sträicher, Chéier an Experimenter. Op "No Shape" geléngt Perfume Genius de perfekte Balance-Akt zwëschent onkonventionellem Songwriting, avant-gardisteschen Arrangementer a Pop-Refraine fir mat ze sangen. Et ass dee bis elo stäerksten an originellsten Output vum Museker.

De Verglach mam Solange

An engem Artikel am New Yorker Museks-Magazin The Fader vum Februar 2017 zitt de Journlist Alex Frank een interessante Verglach mam Album "A Seat At The Table" vum Solange. Den Disk vun der R&B-Sängerin hat 2016 fir Welle gesuergt. Well e musikalesch enorm gutt ass, awer och well et e Statement fir schwaarz Fraen ass a géint den alldeegleche Rassismus mat deem si confrontéiert sinn. "No Shape" ass duerchaus als de Pendant fir schwul Männer ze verstoen.

Och d'Rou, déi déi jeeweileg Artisten an enger neier Stad fonnt hunn, beim Hadreas Seattle, beim Solange New Orleans, ass ee gemeinsamt Leitmotiv. Ob "No Shape" um Enn vum Joer a sou ville Best-Of-Lëschte wäert opdauche wéi d'lescht Joer "A Seat at the Table" bleift ofzegesinn. Bei mir leeft den Album jiddefalls zënter zwou Wochen op Repeat.

De Video zu "Slip Away"