Radioen

On air

Notturno  |  Kenny Garrett - Hargrove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Napoleon Gold seng waakreg Dreem

Sunset Motel

Dem Napoleon Gold seng waakreg Dreem

Fänke mir u mat enger Geschicht. Den Antoine Honoré, Kapp hanner dem elektronesche Museksprojet Napoleon Gold, huet et net esou einfach mam Schlofen. Nuets waakreg leien ass fir keen einfach. Mee fir e Museker huet et och eng gutt Säit: et erhéicht d'Produktivitéit.

auto_stories

2 min

No enger EP, déi eréischt e bësse méi wéi ee Joer al ass, ass elo ee ganzen Album vun Napoleon Gold an Aarbecht. "Sunset Motel" wäert d'Plack heeschen, déi wéi et ausgesäit am Hierscht erauskënnt. De Sunset Motel, dat ass déi imaginär Plaz, an déi sech de Museker zeréckzéie geet, wann d'Aen erëm eng Kéier net zoufale wëllen.

Datt och d'Nolauschterer net a Gefor sinn anzeschlofen, weist eng nei Single, "Lucid", déi hire Schiet op déi nei Plack virauswerft. Nom "T-Pain" d'lescht Joer schafft Napoleon Gold eng zweete Kéier mat engem amerikanesche Rapper zesummen, dës Kéier mam 25 Joer alen Jalen Santoy, deem säi Song "Foreplay" an zwou Woche fënnef Millioune Mol op Spotify gelauschtert gouf, wéi e virun dräi Joer erauskoum. D'Melodie gëtt vun der Madge gesongen, enger Dänzerin a Musekerin vun L.A., där hir Spezialitéit melancholesch Electro-Balladë sinn.

Speziell Interpretatioun um Echterlive-Festival

Fir d'Produktioun huet Napoleon Gold nees mam Pierre-Hadrien Trigano zesummegeschafft, dee Villen als Co-Songwriter a Produzent vun der Band Natas Loves You dierft ee Begrëff sinn.

Live kann een Napoleon Gold fir d'nächst um neien Echterlive-Festival den 12. Juli, ëm Mëtternuecht, erliewen. D'Songs vum kommenden Album goufe fir dës Geleeënheet fir d'Participatioun vun engem Sträichquartett ëmarrangéiert a ginn deemno an enger Versioun gespillt, déi weder där op der Opnam, nach där op spéidere Concerten dierft gläichen.