Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Album fir Woodstock

Crosby, Stills & Nash

Den Album fir Woodstock

E Release, deen den Numm vum Trio dréit, deen en opgeholl huet: "Crosby, Stills & Nash" ass eisen Déjà vu-Album vun der Woch a feiert dëse Mount säi 50. Gebuertsdag. En Debutalbum, deen a Saache Songwriting eng etlech Akzenter gesat an um legendäre Woodstock Festival am August vum selwechte Joer och an der Live-Versioun presentéiert gouf. Dat mam Neil Young als zousätzleche Member - d'Kiischt um schonn exzellente Kuch.

auto_stories

7 min

David Crosby (USA), Stephen Stills (USA), Graham Nash (GB) - do denkt een effektiv direkt un e weidere Museker, dee meeschtens mat deenen dräi associéiert gëtt. Mee de Kanadier Neil Young stéisst eréischt no der Sortie vun dësem Studioalbum zum Trio - et huet seng Grënn, firwat aus CS&N gutt zwee Méint duerno CSN&Y gëtt.

Keng onbeschriwwe Blieder

Op dësem Album si si just zu dräi: de Crosby kënnt vun de Byrds (Hits: "Mr. Tambourine Man", "Turn Turn Turn"), de Stills vu Buffalo Springfield ("What's That Worth") - eng Band, an där och de Young ass -, den Nash vun den engleschen Hollies ("Bus Stop", "On A Caroussel", "Carie Anne").

Jiddweree vun deenen dräi huet seng Stäerkten: den David Crosby ass dee méi poséierten Tipp, deen d'Welt och alt emol méi kritesch gesäit, de Stephen Stills steet fir Rock mat staarkem Folkafloss, de Graham Nash war mat senger Band Dauergaascht an den Hitparaden, hien ass déi méi pop-orientéiert Komponent am Ensembel. Gemeinsam kënne si e weideren Tromp virweisen: allen dräi kënne si Musek schreiwen, komponéieren a sangen. Esou gëtt den Album eng Visittekaart vun dräi Songwriter, déi eenzel staark an zesumme ganz staark sinn.

Aarbechtsopdeelung

Vill Folk, just e bëssi Rock, vill Gittaren, dacks akustesch agesat, verdreemte Balladen oder Rhythméiertes - d'Palett um Album ass grouss; mee just een eenzegen Titel gëtt am Teamwork komponéiert: e Lidd aus dem Joer virdrun, "Wooden Ships", dat den Duo Crosby/Stills zesumme mam Paul Kantner fir deem seng Formatioun Jefferson Airplane verfaasst haten. Sämtlech néng aner Lidder vum Album si Solo-Kompositioune vun engem vun deenen dräi, och wann de gemeinsame Gesang, déi iwwertenee geluechte Stëmmen eng vun den Trëmp vun der Band ass.

Den Album gëtt e Risesuccès, d'Joer drop, 1970, gëtt e mat engem Grammy an der Kategorie "best new artist" belount. Dee mam Succès verbonnene Problem fir den Trio: am Studio ass just nach en Drummer mat dobäi an d'Mama Cass vun de Mamas and Papas ("California Dreaming", "Monday Monday", als Backing Vocals. Fir Live-Optrëtter geet dat net duer. Am Studio iwwerhëlt de Stephen Stills nieft der Gittar och Bass a Keyboards - fir d'Tournée, déi sech opdrängt mat ënner anerem Woodstock, muss eng Live-Band op d'Bee gestallt ginn.

Den Neil am Umarsch

Den Entschloss drängt sech op: et musse Museker fonnt gi fir den Album live opzeféieren, an déi mussen och bei den Trio passen an däerfen d'Harmonie, déi däitlech erauszehéieren ass, net stéieren.

Op Virschlag vum Stephen Stills gëtt op en ale Bekannten zeréckgegraff: den Neil Young, säi Kolleeg aus Buffalo Springfield-Zäiten. Och hien e Multitalent, dee schreift, komponéiert, séngt an topp op der Gittar ass. Hie wäert säi méi rauen an och alt emol méi ongemittleche Charakter mat an d'Kompositioune vun der Formatioun mat erabréngen. Als Drummer gëtt den Dallas Taylor vun der Psych-Folkband Clear Light engagéiert, als Bassist de Motown Sessionmuseker Greg Reeves.

Dat alles deemno wuel eréischt kuerz Zäit no der Album-Publikatioun, mee d'Erweiderung vum Trio op e Quartett ass absolut enk mam Album "CS&N" verbonnen a muss dofir och an dësem Zesummenhang erwäänt ginn.

Zeréck no dëser Klammer zum Album: e wäert eng knapp siwe Millioune mol iwwer d'Théik goen. Dräi Ausnahmemuseker an dach steet meeschtens de Stephen Stills eng Grëtz méi am Mëttelpunkt, well hien Instrumente-méisseg deen aneren zwee iwwerleeën ass: d'Lead Gittar gëtt ëmmer vun him gespillt, hien ass deen, deen am meeschte schreift an och Kommunikatiouns-méisseg dacks an der éischter Rei steet fir d'Wuert ze ergräifen.

Léift + Politik

Natierlech ass de Beräich Songwriting wéi gemaach fir Geschichten ze erziele fir d'akustesch Gittar ze huelen a fir iwwer Gefiller, Léift a gebrachen Häerzer ze sangen. Wéi dat ënner anerem an der méi laanger Nummer "Suite: Judy Blue Eyes" de Fall ass, wou de Stills seng gescheitert Relatioun mat der Folk-Sängerin Judy Collins erzielt.

Ganz populär gëtt och de musikalesche "Marakesh Express" aus der Fieder vum Graham Nash, wou nach eng Grëtz vergaangen Hippie-Nostalgie am Spill ass.

Zwou Nummeren danzen awer hei kloer aus der Rei: do wär den Titel "Wooden Ships", dee Jefferson Airplane schonn 1967 um Album Volunteers drop hat. De Crosby ass fir d'Musek zoustänneg, de Stills an de Paul Kantner fir den Text. D'Opnam variéiert liicht par Rapport zum Original vun Jefferson Airplane, mee d'Thema ass a bleift d'Angscht virun dem nuklearen Holocaust. D'Nummer dréckt d'Liewensgefill aus, dat vill jonk Amerikaner Mëtt 1969 empfannen: d'Zäite sinn onroueg, de Kale Krich an d'Konfrontatioun tëschent Ost a West ass en Dauerthema, d'Eskalatioun tëschent "de Russen an den Amerikaner" steet am Raum.

Nieft "Wooden Ships" ass "Long Time Gone" aus der Fieder vum David Crosby e weideren engagéierte Song - en hëlt Bezuch op de Mord um demokratesche Politiker Robert Kennedy, dee wéi säi Brudder, de President John F., engem Attentat zum Affer gefall ass.

Harmonie + Autonomie

Den Album mam Numm vun den dräi Museker ass e Beweis, wéi dräi héichtalentéiert Eenzelmuseker als gemeinsamen Ensembel fonctionnéieren: jiddwereen dierf seng Kompositioune bäisteieren an déi behalen dann och de Charakter vun deem, dee se geschriwwen huet, och well deen, dee schreift, ëmmer deen ass, deen d'Haaptstëmm assuréiert. Déi aner zwee begleeden, maache mat, mee hale sech zeréck beim Kolleeg senger Kompositioun.

Wat an der Theorie e Puzzle, vläicht esouguer e Sammelsurium vun Eenzelstécker riskéiert ze ginn, verleeft an der Praxis harmonesch a beschtens zesummegestallt, esouwuel op dësem Studioalbum mat vill Ofwiesslun,g wéi och bei de spéidere Live-Optrëtter, wou dann, wéi schonn erwäänt, nach e weideren Topmuseker a Komponist, den Neil Young, de Repertoire wäert erweideren. Den Optrëtt um legendäre Woodstock Festival ass kuerz no der Album-Sortie an d'Rockgeschicht agaangen: et war dat déi zweet Statioun vun enger laanger Tour, déi no der Album-Sortie quasi obligatoresch war.

Net vu laanger Dauer

Mat hirem Album setzen den David Crosby, de Stephen Stills an de Graham Nash d'Lat héich fir d'Songwriterzeen a bréngen dëse Genre och zegutt ënner d'Leit.

Wuel sinn nach Rock an onerwaart Tempowiessel dobäi, vill méi dezente Rock allerdéngs wéi an de wëlle Psychedelic a Summer of love-Zäiten. De Sound ass amerikanesch, Folk- a Countryelementer dauchen op, gi vum Trio verschafft fir Kompositiounen, déi seele mat laange Gittaresoli glänzen, mee éischter op Atmosphär a Gesang setzen.

De revolutionären a politesch kritesche Geescht aus den Enn 60er kënnt nach emol bei den nächste Produktiounen zum Droen, ënner anerem mat Titele wéi "Ohio" (Studentenonroue mat véier Doudegen), "Southern Man" (Rassismus an de Südstaaten) oder "Chicago" (Prozess géint Vietnamkrich-Géigner), och dëst Engagement gëtt vum Publikum honoréiert. Dokumentéiert um exzellente CSN&Y Live-Album "Four Way Street" (Abrëll 1971).

Schued, datt schonn am selwechte Joer wéinst interne Streidereie Schluss ass mat der Zesummenaarbecht, mee och d'Solocarrière vu Crosby Stills a Nash (a besonnesch Young) kënne sech duerno méi wéi weise loossen.