Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pure Comedy vu Father John Misty

Album vun der Woch

Pure Comedy vu Father John Misty

Dem Father John Misty no ass d'Liewen op der Äerd dat rengste Kaméidisstéck. Den drëtte Solo Album vum fréiere Batteur vun de Fleet Foxes bitt Singer-Songwriter Musek an der grousser, konventioneller Traditioun. An dach op ville Punkten nach ni Gehéiertes.

auto_stories

3 min

Pure Comedy ass den drëtte Solo Album vum Joshua Tillman a gouf vum amerikanesche Label Sub Pop erausbruecht. Besser bekannt ass hien ënnert sengem Pseudonym Father John Misty, eng Aart Witznumm, dee bei e mystesche Priedeger géing passen. An dach huet de Bandnumm eppes Sympathesches u sech. Kenne kann een de Joshua Tillman awer och als fréiere Batter vun de Fleet Foxes, eng modern Blues-Rock Band vu Seattle.

Pitchfork, ee vun deene wichtegsten amerikanesche Musekblogs schreift, datt den Joshua Tillman op dëser Plack d’Wolleken ujäitzt, wat zu enger grandioser Ennerhalungsform féiert.

Waarm Kläng, douce ewéi Botter

Pure Comedy ass musikalesch gesinn eng Mëschung aus Country a Pop, nom Modell vun engem George Harrison vun The Beatles. Akustesch Gittar, Piano, Batterie, an déi vereenzelt Basselementer verschmëlzen mam Tillman senger, et musse en zouginn, eemoleg schéiner a gefillvoll, agesater Stëmm zu engem Singer-Songwriter Sound dee relativ einfach bleift. Pop ass hei awer an engem artistesche Sënn ze verstoen. D’Mëttelen, déi am Songwriting agesat ginn, si konventionell a klassesch, mä ni simpel. D’Endresultat erënnert duerch de waarme Batterieklang a botterege Piano Rhythmen zäitweis esou guer u Placke vum Elton John aus de fréie 70er Joren.

Wann och verschidde Leit se gären hunn, dem Bernie Taupin seng Texter op de legendären Elton John Placke waren ni besonnesch bedeitungs- oder konschtvoll. Meeschtens ware se sentimental bis schmalzeg Fiktioune vun Nuebelschau-Varietéiten.

E postmoderne Clash

Op senger neier Plack operéiert de Father John Misty ganz anescht. D’Texter um Album si wéinst der klorer Singer-Songwriter Ausriichtung vun der Musek net méiglech z’ignoréiere. Si bidden eng Aart Schluechtfeld fir Iddien, Ideologien a Froen iwwert d'Mënschheet a Mënschlechkeet. All d'Haapttheme vun der moderner Zäit komme vir: Liberalismus, Populismus, Relioun, Wëssenschaft, Humanismus, Technologie, Klimawandel a villes méi. Hei kënnt dann de "Father" aus Father John Misty an d’Spill. Am Zesummeklang mat der scho bal almoudescher Americana-Musek klénge seng Texter heiansdo wéi eng Priedegt: E bëssen dissonant, dacks frësch an ëmmer perfekt placéiert, heiansdo dann awer e bësse grandios oder esou guer agebilt.

Ee postmoderne Clash, deen de Geescht vun der Zäit awer afänkt an et erméiglecht, d'Stécker vum Album mat der Zort Pleséier ze lauschteren, dee soss der politescher Chanson virbehalen ass. Lidder mat Inhalt a Reflektioun eben. Postmodern, well et net ëmmer de Joshua Tillman ass, deen hei säi Commentaire zur Politik, zum Glawen a zur Gesellschaft zum Beschte gëtt, mä eng Rei vu verschiddene Stëmmen a Charakteren, déi hie souzesoen impersonnaliséiert an deenen hir Usiichten hien ausléint. Meeschtens, fir se ad absurdum ze féieren. All Lidd mëscht ewéi eng kleng Geschicht, d'Musék an den Text zu deene verschiddenste Stëmmungen zesummen.

"Pure Comedy" vum Father John Misty

Mat Sécherheet ass "Pure Comedy" e gudden Album, wann och méi däischter am Tounfall wéi de Virgänger "I Love You Honeybear". Et ass en Album fir Couragéierter, déi d'Authentizitéit am Sound an am Songwriting schätzen, déi d'Texter léiwer ouni Blat virum Mond hunn a sech e Faibel fir dat gutt aalt Handwierk vum populären Songwriting zouschreiwen. Et hëlleft also dach, wann een heiansdo d’Loscht verspiert, d’Wolleken unzejäizen.