Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den néngten a leschten Album vu Saint-Etienne

Pop

Den néngten a leschten Album vu Saint-Etienne

Doheem ass et am flottsten. Déi britesch Pop-Formatioun Saint Etienne zitt hir Inspiratioun aus hirer Heemecht. Wann et am flottsten ass, soll een ophalen. Ob d'Museker dat dës Kéier duerchzéien?

auto_stories

2 min

Nach bei all Album zënter 1991 mécht Saint Etienne briteschen Indie Pop mam psychogeographesche Fokus op dem Trio seng Noperschaft. Mat "Home Counties" ziele si vu Geschichten iwwert déi Dierfer ronderëm d'britesch Haaptstad, an deene si grouss gi sinn.

Inspiratioun vun Doheem

D'Formatioun weess mat deels Indie- an deels psychedeleschem Dream Pop ëmzegoen. Mam Album beweist Saint Etienne op en Neits, datt d'Inspiratioun fir déi ëmmerhin 19 Titelen, doheem lauert. Geographesch gesi reest den Nolauschterer virun allem an de südleche Géigende vun der britescher Insel, hir sougenannten "Home Counties".

Um Album sinn eigentlech awer nëmme 16 komplett Titelen. Déi aner dräi si verstreet an der Track-Lëscht an éischter akustesch Interluden. Experimentell Ënnerbriechungen an Iwwergäng zu anere musikaleschen Deeler, déi tëscht 12 a 15 Sekonnen daueren. Dem Trio no géing just Ironie a kee gréissere Sënn hannert den Ënnerbriechunge stiechen. Ze vill eescht sollt ee sech dem Bandmember Pete Wiggs no net huelen.

De Mix tëscht psychedelesch, poppesch, düster a lëschteg stëmmt. Ënnermoolt gëtt e vum Sarah Cracknell senger eenzegaarteger Stëmm.

Ursprénglech en eemolege Projet

"Home Counties" ass deen éischten Album an ëmmerhi fënnef Joer. A parallel den drëtten an der Linn vun deene viregten zwee Disken, "Tales from Turnpike House" aus dem Joer 2005 a "Words and Music by Saint Etienne" vun 2012. Dee leschten Deel vum Triptychon ass montéiert. Déi dräi Albume loosse sech ouni Problem um Stéck lauschteren.

Den US-amerikaneschen Hip Hoper Rakim, ee vun den aktuell aflossräichsten MCen, sot an engem Interview: "Et kënnt net drop u wou s De hier kënns, mä wou s De elo bass." Bei Saint Etienne ass et liicht ëmgedréint. Et kënnt beim Trio weder drop un, vu wou ee kënnt, nach wou een iwwerall war, mä vu wou seng Musek staamt: Aus de Londoner Virstied. Aus deene klenge Gemenge ronderëm d'Metropol, déi sech ëmmer méi ausdehnen a lues awer sécher unenee wuessen.

"Home Counties" soll virleefeg dee leschten Disk sinn, deen Cracknell a Konsorten verëffentlechen. Mä sou huet et schonn aacht Mol an de leschte 27Joer geheescht. Ursprénglech war den Trio 1991 just e Projet, mat deem eng EP entstoe sollt.