Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den "TYRON" ass zeréck

SLOWTHAI

Den "TYRON" ass zeréck

De brittesche Rapper Slowthai huet schonn 2019 mat sengem Debutalbum "Nothing's Great About Britain" kënnen iwwerzeegen. Am Februar huet den Englänner säin neien Album rausbruecht. Seng vulgär an awer poetesch Aart a Weis ze rappe kënnt awer net nëmmen an der UK gutt un.

auto_stories

2 min

De Rapper aus de Midlands huet mëttlerweil mat sengem Hip-Hop och an den USA Uklang fonnt. Dat ass keng Iwwerraschung, säi "Psycho" style ze flowen ass intensiv an extravagant. D'Lyrik, an d'Punk-Aflëss a senger Musek, hunn ënner anerem schonn dozou gefouert, datt hien als den neie "The Streets" betitelt gouf.

2020 hätt de Slowthai awer vill perséinlech Problemer gehat, sou de jonke Museker an engem Interview mat NME. Gehollef no vir ze kucken an erëm op d'Been ze kommen hätt him keen anere wéi de bekannte brittesche Rapper a Produzent Skepta. Deen ass awer net nëmmen ee gudde Mentor gewiescht, mee och ee vum Slowthai senge Gäscht um neien Album, um Lidd "Cancelled".

Méi perséinlech

Op dësem Duebelalbum weist de Slowthai sech méi perséinlech wéi bis elo. Dowéinst wuel och den Titel: Tyron, dem Slowthai säi biergerleche Virnumm. Hie schwätzt iwwer säi Banneliewen, seng eege Gedanken, säin Trotz a säi Bedaueren. Doduerch huet säi Rap u Maturitéit gewonnen, obwuel de Kënschtler seng speziell a kannereg Delivery bäibehält, .

Um neien Album si 14 Titelen, déi an zwou ganz ënnerschiddlech Hallschente strukturéiert sinn. Den coolen Iwwergang tëschent dësen zwee Albumdeeler mëscht d'Lidd siwe mat "Play With Fire".

De 26-Järege beweist mat sengem neiste Wierk awer net nëmmen Diversitéit, mee och säin staarke Wëllen. Trotz viller Kritik u senger ëffentlecher Persoun huet hien et gepackt, elo schonn ee vun deene faszinantste Rap-Albe vun dësem Joer eraus ze bréngen. D'Texter huet hien eleng am Lockdown geschriwwen. Dat beweist, datt hien trotz staarker Kritik an héijen Erwaardungen, net sou einfach kleng ze kréien ass.

Ee verréckt gudden Album

D'Gäscht um Album vum geckege Northamptoner schwätze fir sech: ASAP Rocky, Denzel Curry, Mount Kimbie, James Blake, Skepta, Dominic Finke an Deb Never sinn Deel vun "Tyron". Et kéint een Angscht kréien, datt de Slowthai bei sou vill Talent ronderëm sech géif ënner goen. Dat ass awer wierklech net de Fall.

D'Endresultat ass nämlech een authentesche Slowthai-Album, och wann et zu Schluss hi méi roueg a nodenklech gëtt, wéi gewinnt bei senger Musek. Menger Meenung no fënnt all Mënsch ee Bijou um Album.

De Kontrast vum verréckten, zum méi rationelle Slowthai gëtt mir perséinlech ni langweileg. Dowéinst ass Tyron eng grouss Recommandatioun/e Must/en Tip... fir jiddwereen, deen un zäitgenësseschem Rap interesséiert ass.