Album vun der Woch Der Little Simz hire Bléck no bannen

Sometimes I Might Be Introvert heescht den neien Album vun der Little Simz. D'Londoner Rapperin liwwert e Manifest vum Concious Rap aus Groussbritannien of. Eng grouss Produktioun ënnersträicht d'Geschichten, déi d'Kënschlerin aus hirem Liewen erzielt.

Yves Stephany

Little Simz

An enger Zäit, wou Hip Hop dominéiert gëtt vun eidele Floskelen, vu Gros-Mots an auswiesselbare Beats, ass den neie Little Simz Album e richtege Bijou. En hieft sech of aus dem Sumpf vu Verëffentlechungen, déi Klischeeën imitéieren, déi haut hip a muer vergiess sinn.

Et ass en Album mat Substanz a Bestand vun enger Kënschtlerin, déi no enger kuerzer a ganz produktiver Karriär hir Stëmm fonnt huet. Si trëtt selbstsécher an determinéiert op.

Vulnerabilitéit als Stäerkt

Den Titel "Sometimes I Might Be Introvert" ass wuel ironesch gemengt, well et kann een der Little Simz net virgeheien, datt si introvertéiert ass. Ganz am Géigenteel: den Album ass eng déif Introspektiv an der Kënschtlerin hiert Banneliewen. Et huet ee mat Momenter den Androck, d'Rapperin géif virun engem op der Couch leien a wéi ënner Hypnos hir Vergaangenheet verschaffen.

Ganz touchant ass zum Beispill "I love You, I Hate You", wou si hir Relatioun mat hirem Papp oprullt.

D'Rapperin ass vulnerabel um neien Album, ouni awer an dee fir de Rap sou geféierleche Pathos ze verfalen. Mat dësen Zeilen laut si den Album an: "Close to success but to happiness I'm the furthest / At night I wonder if my tears will dry on their own". No där Uso kommen 19 Tracks, déi sou ofwiesslungsräich sinn, wéi d'Liewe selwer. Eng spannend Rees mat der Achterbunn, mat Héichten an Déiften, Loopingen an Drops, mat der Simz fest am Sëtzt.

Eng grouss Produktioun

D'Beats ginn definéiert vum Zesummespill vun old school Sampling, groussen Orchesterarragngementer a vun enger grandioser Backing Band. Et gi ganz ënnerschiddlech Terrainen exploréiert. Vun epeschen, orchestralen Tracks, wéi den Opener "Invtrovert" iwwer méi minimalistesch wonky Geschichten, wéi bei "Speed" oder Elektro Funk wéi "Protect My Energy" bis bei jazzeg Tracks à la "Two Worlds Apart". Och hir nigerianesch Wuerzele kommen ëmmer nees zur Geltung, wéi bei "Fear No Man".

Trotz de stilistesche Spagater kléngt "Sometimes I Might Be Introvert" ganz kohärent.

Produzéiert gouf d'Wierk vum mysteriéisen Dean Josiah Cover alias Inflo - hien huet ënner anerem mat Jungle geschafft an ass deem vum Hip Hop Kollektiv Sault. Fir de Rescht ass net vill iwwer dësen Här gewosst.

An engem Interview mat NME gëtt d'Little Simz ze verstoen, datt si sech scho méi laang kennen, a si beschreift d'Zesummenaarbecht am Studio als "onereecht". Et géif e ganz déift Vertrauen tëschent deenen zwee ginn.

"Sometimes I Might Be Introvert" positionéiert d'Little Simz bei déi wichtegst britesch Museker aus der Popgeschicht. Dësen Album wäerte mir och nach a Jore lauschteren.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

C'est Karma - Spaghetti On Repeat
Made in Luxembourg

D'Lidd ass eng Ode u Pasta a Kapitalismuskritik an engem. D'Nuddel als Symbol fir d'Resignatioun vun enger Fra déi hiert Liewe laang geschafft huet, ouni op der sozialer Lieder no uewen ze kommen.

Nite jewel - no sun
Album vun der Woch

Deen neien Album "No Sun" vun der Nite Jewel ass d'Resultat vun enger Recherche iwwer Stereotyppen an Traditiounen, awer och d'Ausernanersetzung mat hirem Divorce.

Claire Laffut
Claire Laffut - Bleu

D'Claire Laffut huet hiren Debutalbum erausbruecht. "Bleu" geet vun Indie bis Dance-Pop, mat Perkussiounselementer a kloer feministeschen Aussoen an ass eng Rees duerch d'Karriär vun der Musekerin.

Slumbergaze
Slumbergaze

Den Eric Juncker seng zweet Single "Shade Plant" dréint ëm eng onscheinbar Hausplanz, déi et trotz allem fäerdeg bréngt, sech an engem Dschungel vu wonnerschéine Bléien duerchzesetzen. De Philippe Hansen wollt méi wëssen.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen