Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ dEUS - Eng Legend schléit een neit Kapitel op

dEUS - The Ideal Crash

dEUS - Eng Legend schléit een neit Kapitel op

Belschen Indie Rock gouf an den 1990er e bësse wéi eng neiaarteg Delikatess gehandelt. Radiohead a Muse hu sech zum Beispill fir hir éischt Placke bei dEUS inspiréiert, där éischter Belscher Rockband, déi jeemools en Album op engem Major Label erausbruecht huet. Fir den Anniversaire vu genee dësem Album, "The Ideal Crash", ze feieren, hunn dEUS leschte Samschdeg virum ausverkaaften Atelier een exzellente Concert op d'Brieder geluecht. Do virdru stoung de Frontmann Tom Barman dem Marc Clement Ried an Äntwert, an huet ganz bäileefeg eng nei dEUS-Plack an Aussiicht gestallt.

auto_stories

2 min

"Nee, mir hunn deemools keng Kompromësser gemaach", esou de sichtlech glécklechen dEUS-Songwriter am Réckbléck op hir drëtt Studioplack "The Ideal Crash", déi viru bal genee 20 Joer op Island Records erauskoum. "Mir haten awer wuel Loscht, de Chaos vun deenen zwou éischte Placken zu eppes méi Erwuessenem zesummenzeschweessen."

De Réckbléck op méi wéi 25 Joer Carrière enthält fir de gebiertegen Antwerpener awer nach aner Erënnerunge wéi dEUS. Ebe grad no " The Ideal Crash ", hunn d'Membere vun der Band sech fir e puer Joer aneren Horizonter zougewandt... an esou nach e puer weidere belschen Delikatessen d'Liewe geschenkt. Den deemolege Gitarist Rudy Trouvé sollt bei Dead Man Ray en neit doheem fannen, wärend mer em Bassist Stef Carlens ënner anerem Zita Swoon ze verdanken hun. De Barman selwer verwierklecht endlech d'Absicht hannert sengen Unisstudien: "Any Way the Wind Blows", säin éischte Film, kënnt 2003 an d'Kinoen. Mee schonns dat Joer drop ass hien zeréck an der Musek: mat engem ganz neie Projet, Magnus, wou de Barman zesumme mam Techno Produzent CJ Bolland en Elektro-Funk Album vun der éischter Klass an d'Welt setzt.

Och no hirem Hiatus bréngen dEUS, mat engem neie Line-Up, Mëtt bis Enn 2000er schéi Placken eraus. De "Second Coming" gëtt agelaud vu "Pocket Revolution", 2005, déi nach haut zur Band hire beléiftste Placken zielt. Mam Réckbléck a vergaangen Zaite geet et dann awer och schonns duer, well en Nostalgiker ass de Barman net. "Ech gi melancholesch, mee dat ass éischter eng existenzielle Problem. Wann dee Concert hei an eise Fans Nostalgie ervirrifft, dann ass dat natierlech ok. Ech hunn des Songs nach ëmmer gär, mee mäi Bléck ass meeschtens am Present, an nach méi oft an der Zukunft."

Preuve à l'appui, et gëtt schonn Engeges z'annoncéieren: mat sengem Jazz-Projet TaxiWars bréngt de Barman dëst Joer ee Longplayer eraus, an och mat dEUS geet et direkt no der Tournée an de Studio. "Et ass den ideale Moment. Et mech eis esou vill Spaass, zesummen ze spillen, a mir hu grad en neie Gitarist kritt (Bruno de Groote). Ech well elo mat dEUS ophuelen, an ech sinn och scho ganz ongedëlleg. Mee trotzdeem, eng Plack opzehuelen dauert ëmmer ee bis annerhalleft Joer. Mir wäerten an d'Sonn goen, a kucken, wat eis afält."

Een neien dEUS Album also 2020/21 - et dierf ee gespaant sinn.