Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antikapitalistesch an antifaschistesch Antimusek

Die Goldenen Zitronen - More Than A Feeling

Antikapitalistesch an antifaschistesch Antimusek

Am däitsche Parlament vertriede Politiker Meenungen, déi schonn eng Kéier den Doud vu Millioune vu Mënschen als Konsequenz haten. Dat ass erschreckend. Nach méi erschreckend ass et, wéi wéineg Protestmusek doduerch entsteet. Gutt, datt et die Goldenen Zitronen gëtt, fënnt den Yves Stephany. Hie presentéiert hiren neien Disk "More Than A Feeling" als Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

"Nützliche Katastrophen" war déi éischt Single-Auskopplung aus deem neie Goldies-Album. Wéi déi am Dezember verëffentlecht gouf, hätt ee kéinte mengen, d'Hamburger Punk Band géif elo poetesche Radio-Pop a Kraftwerk-Traditioun maachen. Lo, wou de ganzen Album eraus ass, gëtt kloer, datt si hirer Linn trei bliwwe sinn. "More Than A Feeling" ass antikapitalistesch an antifaschistesch Antimusek, déi Pop-Klischéë just als Props benotzt.

"Mauern" sinn e Leitmotiv op "More Than A Feeling". Maueren als Synomym fir Ausgrenzung an Anengung. Populismus, Flüchtlingen a sozial Keelt - dat beschäftegt d'Goldenen Zitronen am Joer 2019. Dëst Joer feiert d'Kultband hire 35. Anniversaire. Awer op hirem 13. Album hunn hir Lidder an hir Texter näischt un Urgence a Bëssegkeet verluer.

D'Kritik ass allerdéngs méi direkt a manner verschlësselt formuléiert, wéi op fréieren Albumen. Och wann de Schorsch Kamerun net ëmmer sou frech ass, wéi op "Gebt doch endlich zu, euch fält sonst nichts mehr ein". "Mauern bauen (Testweise)" stellt zum Beispill op eng relativ sober Manéier d'Fro, wien dann eigentlech agemauert ass, wann alles wat anescht ass, ausgespaart gëtt.

En Titel, deen nach méi eng däitlech Sprooch schwätzt, ass "Die Alte Kaufmannstadt, Juli 2017". Gutt sechs Minutte laang thematiséieren d'Goldenen Zitronen an dësem Song d'Protester géint de G20-Sommet zu Hamburg, bei deenen et jo zu Eskalatioune koum, déi ganz Deeler vun der Stad an den Ausnamezoustand versat haten, an iwwer déi an de Medie vill geschwat gouf. Ze eesäiteg fannen d'Museker. Si weise vill verschidde Facette vun dësem Protest op a verteidegen hiren Optrëtt am Kader dovun.

Natierlech gëtt et um neien Album vun de Goldenen Zitronen net just sou explizit Geschichten, an net alles ass doudeescht. An "Das war unsere BRD" trauert d'Band mat vill Humor a bëssen Nostalgie där groer Kohl-Republik no, der Dystopie vun deemools, déi déi vun haut vläicht bësse manner schlëmm erschénge léisst.

"More Than A Feeling" ass keng Lamentéierplack. Sécher, et gëtt gesouert an ugeklot, awer et ass Punk, an dat ass eben dat, wat den Autonomen u Spaass feelt. Punk heescht bei de Goldenen Zitronen scho laang net méi forcément Gittars-Geschrupps. Scho laang hu si Synthesizeren an Drum Machines, Hip Hop an Degenhardt an hire Sound implementéiert.

Datt de Schorsch Kamerun an den Ted Gaier nieft hirer Tätegkeet als Museker och am Theater aktiv sinn, schwéngt bei den Zitronen däitlech mat. D'Musek ass fir si just eng Ausdrocksform vu villen.