Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Die Unendlichkeit - E groussen Tocotronic-Album

Rock

Die Unendlichkeit - E groussen Tocotronic-Album

D'Pionéier vun der Hamburger Schule melle sech mat engem iwwerzeegenden zwieleften Album zeréck. Mat erhuewenem Kapp assuméiere si souguer Balladen. Si experimentéieren awer och mat Minimal Music.

auto_stories

2 min

No 23 Joer Carrière bréngen d'Pionéier vun der Hamburger Schule hiren zwieleften Album eraus. Natierlech huet d'Band sech iwwer d'Jore entwéckelt a verännert. Awer "Die Unendlichkeit" ass nees ee groussen, relevanten Tocotronic-Album, bei deem een dee selwechte Geschmaach an de Mond kritt wéi bei hiren dilettantesch-geschruppten éischten Disken.

"Die Unendlichkeit" ass eng autobiographesch Aarbecht. Tocotronic erziele Geschichte vun enger Kandheet an der Provënz, vu Jugend mat Léift, Gittaren a verschwenter Zäit. Et geet ëm Frëndschaft, Liewen an Doud.

Dobäi sollt ee sech keng all ze konkret Anekdoten erwaarden. Dem von Lowtzow seng Texter si wéi gewinnt oppe fir Interpretatioun, a ruffe wuel bei jidderengem aner perséinlech Associatiounen ervir.

D'Singlen, déi Tocotronic am Virfeld vun der Release verëffentlecht hunn, ware relativ konventionellen Hamburger Rock. Ausser vläicht "Die Unendlichkeit", mat sengen epeschen Noise-Teppecher. Den Album ass awer dee bis elo villsäitegste vun der Formatioun. Et si Balladen drop, wéi "Ausgerechnet du hast mich gerettet" an deenen d'Cheesyness mat erhuewenem Kapp assuméiert gëtt. Op "Ich würd's dir sagen" fiert de von Lowtzow engem ganz dréchen, just mat enger akustescher Gittar begleet, direkt ënner d'Haut. An op "Unwiederbringlich" experimentéieren Tocotronic mat Elementer aus Minimal Music - mat Marimba, Klarinett, Piano, Tuba a Sträicher.

No "Wie Wir Leben Wollen" vun 2013 an dem rouden Album vun 2015, déi éischter schwaach waren, weisen Tocotronic, datt si nach ëmmer déi wichtegst Band aus Däitschland sinn.