Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - White Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Distance, Light & Sky - Casting Nets

Album vun der Woch

Distance, Light & Sky - Casting Nets

Zäit hunn ass sech Zäit huelen: den Debutalbum vum Trio 'Distance, Light & Sky' ass e rouegt Wierk. Akustesche Songwriting, onopgereegt an awer mat Charme. Den ideale Begleeder fir eng Auszäit.

Fred Medernach / ys

auto_stories

3 min

Distance, Light & Sky

"An Zäite wou all Mount déi neiste musikalesch Sau duerch d’Duerf gedriwwe gëtt – net bei eis!" Sou kënnegt de Label Glitterhouse den Disk un. Et kann ee sech also op e relaxen, gemittlechen Album astellen. "Casting Nets" vun "Distance Light & Sky" ass genee sou. Ouni technesche Firlefanz, ouni Special effects, ouni Kompressor. Ouni alles dat, wat net onbedéngt muss sinn, fir déi zéng Kompositiounen am Beräich harmonesche Folk a Songwriting un de Nolauschter ze bréngen.

Raum fir lëfteg Lidder

D'Band mécht dat op déi onspektakulär Manéier an hëllt den Tempo eraus. Léist dofir awer Zäit a Raum fir lëfteg Lidder. Mat akustesche Gittaren an e puer Pianostupfer hei an do. D’Batterie gëtt gemittlech traitéiert. D’Instrumenter sinn déi ideal Begleeder fir déi zwou Stëmmen um Album: Déi Douce vun der hollännescher Sängerin Chantal Acda, déi sech beschtens mam sonore Bariton vum Chris Eckman verdréit. Si loosse sech net hetze fir hir Geschichten z’erzielen. "Entspaant", dat ass d’Wuert, wat "Casting Nets" am beschte resuméiert.

Dräi Personnagen - ee Sound

"Distance Light & Sky" sinn en Trio. De bekannteste Numm ass dee vum Chris Eckman, dee mat senger Band de "Walkabouts" Folk a Rock verbënnt. Do un der Säit vum Carla Torgerson. Hei ass d’Fra nieft him d’Chantal Acda, zanter kuerzem och mat engem Solo-Album um Maart. De MOJO bezeechent hir Stëmm als "soft as snow". Den Trio gëtt komplettéiert vum klassesch ausgebilte Percussionnist a Komponist Eric Thielemans. De Belsch schafft ënner anerem mam Sun Ra-Saxophonist Marshall Allen zesummen.

Dräimol e verschiddene Background, dee bei Distance, Lights & Sky zu engem harmonesche Ganzen verschmëlzt a fir en homogene Sound suegt. Den Nolauschterer gëtt zu all Moment drunn erënnert, dass Zäit hunn dacks heescht, sech Zäit ze huelen.

Begleeder fir Auszäit

Natierlech lackelt an der Bespriechung d’Associatioun mat de gemittleche Wanterowenter oder dem Feierowend no Hektik an Dagesstress. Esou wéi wann ee roueg Téin just da kéint genéissen. Den analog enregistréierten ‘Casting Nets' awer ass net un eng Zäit oder Saison gebonn. Et ass ganz einfach den ideale Begleeder fir déi ominéis Auszäit déi een sech heiansdo hëllt. Oder op mannst huele soll. Wann anerer d’Sau duerch d’Duerf joen.