Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ District 7: "Keng Suergen iwwer den Doud"

Pop Punk aus Lëtzebuerg

District 7: "Keng Suergen iwwer den Doud"

District 7 presentéieren hiren Debut-Album "A Beautiful Day To Die". D'Lëtzebuerger Pop-Punk-Band existéiert zanter 2011. D'Museker hunn an de leschten dräi Joer vill un hirem Sound a Songwriting geschafft an hu grouss Ambitiounen.

auto_stories

2 min

"Mir mengen, datt deen neien Album eis ganz wäit brénge kann", seet de Julien Binda. Si hätten d'Ambitioun fir vill opzetrieden an ze touren.

Hiren éischten Disk gouf d'lescht Joer am Summer zu Lissabon opgeholl. De Produzent Vasco Ramos hätt gehollef fir d'Lidder nach méi op de Punkt ze bréngen. Fir de Songwriting wier mëttlerweil haaptsächlech de Batteur vun der Band responsabel, den Denis Schumacher.

Déi nei Single "Bang Bang" hätt näischt mam Klassiker vum Cher, respektiv Nancy Sinatra ze doen. "Et beschreift d'Situatioun, wann een eleng an enger Stad ass, wou ee sech net auskennt", seet de Julien Binda. Wann ee keng Leit géif kennen a sech eleng géif fillen, géif ee just Mauere gesinn. "Bang Bang" géif dofir stoen, datt een déi Mauere wéilt duerchbriechen.

Obwuel den Album "A Beautiful Day To Die" heescht, hätt hie sech nach keng Suergen iwwer den Doud gemaach. "Ech associéieren dat mat engem wonnerschéinen Dag, sou wéi haut: bloen Himmel, Sonn, an et genéisst een einfach den Dag."

De Release Concert vun District 7 ass dëse Samschdeg an de Rotonden, mat New Blow aus Frankräich an Epicure am Virprogramm.


De Julien Binda beim Mike Tock an der Emissioun Spektrum vum 16. Mee:

Lauschterenplay_arrow