Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Placke fir Sylvester

Réckbléck

Dräi Placke fir Sylvester

D'Enn vum Joer ass net déi beschten Zäit fir nei Placken, well och d'Museksindustrie mécht e bësse Paus. Dat soll eis awer net dovunner ofhalen, Iech och op Silvester een Album vun der Woch matzebréngen. Oder firwat net direkt dräi.

auto_stories

3 min

Däitsch Rockmusek war staark am Joer 2018. Mat Die Nerven, Heim, Black Heino a Kala Brisella gouf et vill Neies ze héieren, dat esouwuel textlech, wéi och musikalesch iwwerzeegt huet.

Tocotronic - Die Unendlichkeit

Direkt am Ufank vum Joer hu sech véier Veteranen zeréckgemellt, déi schonn zanter 1993 Indie Rock maachen. Hir Renommee, wann et drëms geet Musek mat Käppchen ze maachen, ass dobäi esou staark, datt déi däitsch Wikipediabeschreiwung vun Diskurserock schwätzt.

Kritesch Blécker op d'Gesellschaft an op d'Zäit feelen dann och op "Die Unendlichkeit", erauskomm de 26. Januar 2018, natierlech net a si wéi ëmmer sensibel a poetesch verpaakt. Besonnesch awer ass et d'Erwuesse ginn, d'Al gi souguer, an den nostalgesche Bléck zeréck op méi onbeschwéiert Zäiten, déi de Sänger an Texter Dirk von Lützow hei a Form bréngen. Hamburger Schule an Héichform also, an datt Nostalgesch net trist muss heeschen, weist zum Beispill "Unwiederbringlich".

Parcet Courts - Wide Awake

Schonn ënner dem Chrëschtbeemche louch eng Postpunk Plack, déi d'lescht Joer besonnesch begeeschtert huet, vu Bodega nämlech. Aus dem selwechten New Yorker Staddeel, an e bësse méi etabléiert, si Parquet Courts. Ob Post Punk Garage Rock Art Rock oder Indie Rock, et ass Danzbares, dat hei mat der klassescher Rockkombo-Opstellung gebuede gëtt. "Wide Awake", den Titeltrack, groovt wéinstens esou gutt wéi d'Talking Heads 1980 op "Remain in Light", an d'Häerz gëtt engem liicht, wéi bei enger aler Devo Plack.

An dach kléngt dës Plack esou aktuell, esou crisp a clean, datt een net ee Moment un hirem Joergang géif zweiwelen. Als Produzent haten déi véier New Yorker sech den Danger Mouse mat u Bord geholl. De Schlag an d'Träipen, deen hiren Debut vun 2011 "American Specialties" konnt ginn, huet sech hei iwwer d'Joren an iwwer ëmmerhi scho fënnef weider Placken zwar gewandelt, mee net verwässert. Deen een oder anere klenge Funk oder 60s Groove steet dëser Plack exzellent zu Gesiicht.

Anna Calvi - Hunter

Als drëtt am Bond ass et eng Englännerin mat italieneschem Familljennumm, déi mat hirer Plack "Hunter" am August den Tom Dockal iwwerzeegt hat, datt se huet einfach missen Album vun der Woch hei op der Antenne ginn. Nieft dem alen Hues Nick Launay, dee schonn d'Kate Bush an INXS an den 80er richteg zum Klénge bruecht huet, waren och de Portishead-Member Adrian Utley an de Bad Seeds Member Martyn P. Casey mat un der Opnam bedeelegt.

Erauskoum eng Plack, déi d'Anna Calvi selwer réi a schéin, empfindlech a staark wollt hunn. Dëst ass gelongen. Den Terrain, deen d'Plack erfuerscht, huet mam Kierper, mat Verlaangen, mat Geschlechtlechkeet a Geschlechter ze dinn, mee och mat weiblecher Stäerkt. "Don't Beat the Girl out of My Boy" war d'Single vun der Plack, op där si hir Appreciatioun vun der weiblecher Säit am Mann a staarken an accessibele Gittarepop verpaakt. Awer och fir Grooveges, Atmosphäresches an Exzentresches ass op dëser villsäiteger Plack Plaz. Heiansdo souguer am selwechte Song, esou wéi op "Wish".