Seng Begéinunge mam Carl Maria von Weber a spéider mam Felix Mendelssohn Bartholdy si wichteg Amenter am Baermann sengem Liewen a wäerte seng Carrière als Komponist a Klarinettist wesentlech prägen.
Inspiratiounsquell fir de C.M. von Weber
Ouni de Baermann wieren dem Carl Maria von Weber seng bekannte Klarinetteconcerti net zustane komm. Dem Klarinettevirtuos seng Prestatiounen hunn de Weber eréischt dozou bruecht, sech intensiv fir d'Instrument z'interesséieren. Haut gehéieren dës Stécker zu deene beléiftste Concerti am Repertoire. An och de Felix Mendelssohn Bartholdy sollt fir den Heinrich Baermann a säi Fils Carl e Konzertstück fir Klarinett, Bassethorn a Piano komponéieren.
Als Dozent huet den Heinrich Baermann eng ganz Generatioun vu Klarinettisten ausgebilt, dorënner säin eegene Fils Carl, deen och e faméise Klarinettevirtuos gouf.
Dem Baermann seng Klarinettequintetter
Manner gewosst ass, datt de Baermann fir säin Instrument och eng Partie schéin, elegant a virtuos Stécker hannerlooss huet, déi d'Klarinett mat all hire Facettë weisen, dorënner dräi Quintetter. D'Sträicher stinn hei am Hannergrond a déngen nëmme wéineg als Duopartner, während d'Klarinett déi ganz brillant Partië quasi eleng vertrëtt. D'Rita Karin Meier, Solo-Klarinettistin vun der Zürecher Oper a selwer Dozentin, huet, zesumme mam Belenus Quartett d'Quintetter op.19, 22 an 23 elo nei fir MDG opgeholl.