Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Il Re Del Mondo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Fligel fir de radio 100,7

Musek

E Fligel fir de radio 100,7

En halleft Joer hat de radio 100,7 e Piano am Grousse Studio 8 stoen. No sëllechen Opnamen, Interviewen um Instrument an och zwee Live-Concerten ass et elo un der Zäit fir en Upgrade. D'Pianohaus Hübner vun Tréier huet sech bereet erkläert dem radio 100,7 en iwwer zwee Meter grousse Boston-Fligel an de Studio ze stellen.

auto_stories

1 min

Zwee Live-Concerten, 13 Pianisten, déi am Studio gespillt hunn, 19 verschidde Bäiträg op Antenn bei deenen de Piano genotzt gouf an dat an den dräi verschiddene Stilrichtunge Klassik, Pop an Jazz: Dat ass d'Bilanz vum 100,7-Piano am Studio 8. Relativ séier huet sech awer erausgeschielt, datt d'Instrument - sou gutt et och ass - net méi duer geet. Verschidde Stécker kënne reng technesch gesinn net op engem riichte Piano gespillt ginn, an duerch d'Mechanik kommen d'Pianiste séier un d'Limitte vum Instrument.

Déi designéiert Plaz vum Fligel ass am Grousse Studio 8, am Keller um radio 100,7. Well dat iwwer zwee Meter grousst Instrument net an de Lift erapasst, féiert kee Wee laascht d'Trapenhaus. Keng einfach Situatioun fir déi dräi Transporteuren, zemools wann ee bedenkt, datt de Fligel ronn 400 Kilo weit an nëmmen e puer Zentimeter méi kleng ass, wéi d'Breet vum Trapenhaus. Nodeems de Fligel dunn op senger Plaz stoung a sech akklimatiséiert hat, huet e viru sengem éischten Asaz nach misse gestëmmt ginn.