Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E gudde Cru fir Lëtzebuerg

International Classical Music Awards

E gudde Cru fir Lëtzebuerg

Fënnef Nominatiounen, ee Finalist an e Spezialpräis: d'Editioun 2018 vun den International Classical Music Awards war fir Lëtzebuerg een aussergewéinlech gudde Joergang. De Jury, an deem de radio 100,7 och Member ass, hat seng jäerlech Reunioun dës Kéier op Invitatioun vun der Philharmonie zu Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

357 CD an DVD-Produktiounen hat de Jury vun den International Classical Music Awards fir d'Joer 2018 nominéiert. No dräi Ofstëmmungsronnen hunn déi 17 Memberen, Fach-Journalisten aus Printmedien, vu Radioen an Online-Plattformen, Präisser a 16 verschidde Kategorië verginn. D'Palett geet dobäi vun der aler Musek iwwert de Barock, d'Oper, symphonesch Musek bis bei déi zäitgenëssesch Musek an historesch Opnamen.

Duerch d'Presenz vum radio 100,7 a vu pizzicato.lu hunn och ëmmer nees Lëtzebuerger Produktiounen a Kënschtler d'Geleeënheet, sech mat der internationaler Konkurrenz ze moossen. Datt si déi Konkurrenz net ze scheie brauchen, weist d'Editioun 2018. Fënnef einheimesch Museker an Ensembele kruten eng Nominatioun. Den Ensembel Canto LX (Rossi: Oratorio per la settimana santa), d'Pianiste Cyprien Katsaris (Russian Ballet Transcriptions), Sabine Weyer (Bach- a Mendelssohn-Concertos) Jean Muller (Goldberg-Variatiounen) an de Perkussionist Christophe Sietzen (Attraction).

Eng grouss Éier

"Fir mech ass et eng grouss Éier an een Usporn", seet de Pianist Jean Muller, deen et mat senger Interpretatioun vun de Goldberg-Variatiounen ëmmerhin an d'Final vun der Kategorie Barock Instrumental gepackt hat, an deem seng CD domadder zu deenen dräi beschte Produktioune gehéiert.

De Jean Muller, den Ensembel Artemandoline, den Duo Rosa (Stéphany Ortega, Sopran & Léna Kollmeier, Piano) an den Cellist Cyprien Keiser haten d'Chance, sech an engem Concert vu Music LX dem Jury vun den International Classical Music Awards ze presentéieren. Am Kader vu senger Sëtzung zu Lëtzebuerg war de Jury och bei engem Concert vum OPL derbäi an hat eng Entrevue mat Vertrieder vun de Solistes Européens an dem Staatssekretär am Kulturministère, dem Guy Arendt.

Young Artist of the Year

De Lëtzebuerger Succès bei den International Classical Music Awards completéiert de Perkussionist Christophe Sietzen, deen net nëmmen mat sengem Album "Attraction" nominéiert war, mä och nach de Spezialpräis als Young Artist of the Year kritt.

Fir de Christophe Sietzen war 2017 een aussergewéinlecht Joer. D'Philharmonie huet hien als Lëtzebuerger Vertrieder an der Concertsrei Rising Stars proposéiert. Seng CD-Produktiounen als Solo-Kënschtler an och mat sengem Wave-Quartet kruten nëmmen déi bescht Kritiken an der Fachpress. De Präis vun den International Classical Music Awards, deen de Christophe Sietzen beim Galaconcert, de 6. Abrëll 2018 zu Kattowitz, iwwerreecht kritt, ass elo den Tëppelchen op den I.

  • D'Gewënner vu sämtleche Präisser vun den International Classical Music Awards fënnt een op der Internetsäit www.icma-info.com