Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Kënschtler, deen e grandiéist Wierk hanner sech léisst

Noruff

E Kënschtler, deen e grandiéist Wierk hanner sech léisst

De Scott Walker ass gestuerwen. Den amerikanesche Museker ass 76 Joer al ginn. En enigmatesche Kënschtler deem säi kontrasträicht Wierk e groussen Afloss hat. E kuerze Portrait.

auto_stories

2 min

De Scott Walker ass schwéier z'erfaassen. Et ginn net vill Museker, déi iwwer hir Carrière hir musikalesch Richtung esou drastesch geännert hunn. Vu séissem Teen-Pop bis hin zu donkeler Avant-Garde Musek.

E Stil, dee sech verännert huet

Déi meescht kennen de Scott Walker als de charmante Frontman vun den Walker Brothers. Eng proto Boyband, déi Mëtt de 60er am Vereenegte Kinnekräich méi Fans wéi d'Beatles haten. Den Duerchbroch koum 66 mam Hit "The Sun Ain't Gonna Shine Anymore":

De Scott Walker, deen hei säi Frust ganz zockereg mat schéine Melodien an Zeen gesat huet, hat Enn de 70er en anere Wee ageschloen.

Déi geschmeideg Orchesterarrangementer sinn duerch Macheten, verzerrte Gittaren, a verschiddenst organesch Perkussiounskläng ersat ginn. Op sengem leschte Soloalbum "Bish Bosh" vun 2012 huet hien esou geklongen:

Zanter 1965 huet den Amerikaner zu London gelieft. An Europa huet hie sech doheem gespuert: an de Filmer vum Ingmar Bergman, am Existenzialismus, der Musek vum Jacques Brel, déi hien a sengen éischten dräi Soloalben Enn de 60er gecovert huet.

D'Essenz vun der Einsamkeet

De Scott Walker hat net d'Temperament, dat de Public vun engem Popstar erwaart huet. Onwuel op der Bühn, hat hien zanter 1978 praktesch keng Concerte méi ginn, huet sech vun der Ëffentlechkeet zeréckgezunn.

Och wann dem Scott Walker seng musikalesch Entwécklung immens kontrastéiert war, stécht säi Penchant fir donkel Themen souwéi seng evokativ Bariton Stëmm op all senge Produktiounen ervir. Déi iresch Schrëftstellerin Eimear McBride schreift an der Preface zum Scott Walker Lyric Buch Sundog, datt dem Walker seng Musek sech unhéiert wéi d'Essenz vun der Einsamkeet.

Musek, déi staark Impressiounen hannerléisst

Dem Scott Walker säin Album "The Drift" vun 2006 ass och déi eenzeg Plack, bei där ech bis ewell an d'Schweesse komm sinn, déi mir richteg Angscht gemaach huet. Seng Musek provozéiert ebe schwéier Emotiounen, konfrontéiert de Nolauschterer an hannerléisst staark Impressiounen.

De Scott Walker war e Kënschtler, deen e grandiéist Wierk hanner sech léisst, vu lëftege Chanson Interpretatioune bis hin zu absurden Avant-gardistesche Kreatiounen. Hie war eenzegaarteg an deem wat e gemaach huet a bleift no sengem Doud weiderhin e grousse Mystère.