Solange - When I Get Home E kohärent Gesamtkonschtwierk

Nom Succès vun "A Seat At The Table" vun 2016, koum elo en neien Album vu Solange eraus. Dat neit Wierk vun der amerikanescher Sängerin ass méi experimentell. Si verbënnt Jazz, Hip Hop an R&B zu engem kohärente Gesamtkonschtwierk.

Yves Stephany / cbi

Solange
Foto: Max Hirschberger

Fir déi, déi si net kennen: D'Solange Knowles ass déi jonk Schwëster vun der Beyoncé Knowles. Do wou d'Beyoncé mat Bling bling, Kitsch a Freedefeier-Pop ka punkten, mécht d'Solange genee de Contraire. Hir Musek ass dezent, onpretentiéis an intimistesch.

"When I Get Home" ass e perséinlechen Tribut un hir Heemechtsstad Houston, virun allem un déi schwaarz Community, déi e Véierel vun der Populatioun ausmécht.

Den Album setzt sech zesummen aus 13 Songs a sechs Interluden, déi aneneen iwwerginn an e kohärent Gesamtkonschtwierk bilden. Als Illustratioun gouf e Kuerzfilm released, deen ee fir de Moment allerdéngs just op Apple Music ka kucken, dofir sief dee bei dëser Bespriechung ausgeklamert.

D'Tracks op "When I Get Home" als Songs ze bezeechnen ass am Fong net ganz richteg. Et si skizzenaarteg Vignetten, déi vun der Form hier éischter un Jazz-Stécker erënneren, wéi u Pop-Songs.

D'Kompositioune setze sech zesummen aus kuerze musikaleschen an textlechen Themen a Phrasen, déi deklinéiert an exploréiert ginn. Refraine fir matzesangen, wéi um Virgänger "A Seat At The Table" sicht een um neie Wierk ëmsoss. Genee dëst Brieche mat de Konventioune vu Pop-Schemae mécht "When I Get Home" sou besonnesch an interessant.

D'Instrumentéierung ass genee sou onspektakulär grandios wéi d'Lidder. Spärlech Drum Samples, déi mat enorme Feingefill agespillt oder programméiert goufen, e Bass an en dezente Rhodes sinn dat minimalistescht Gerüst, wat der Solange hir Stëmm, respektiv Stëmmen, dréit. Mat Samples, Synthien a Gittare gouf ganz spuersam ëmgaangen. Awer et kléngt ni dënn oder plakeg.

Fir d'Produktioun huet d'Solange sech eng schéi Brochette mat an d'Boot geholl. Chassol, Tyler, The Creator, Pharell Williams, Earl Sweatshirt, Steve Lacey vun The Internet, Blood Orange, a vill anerer hu sech d'Klensch vum Studio an de Grapp ginn. D'Resultat kléngt dofir erstaunlech kohärent an homogen. De Grond: Bei all Track steet och Knowles als Producer. Mir hunn et hei mat enger Kënschtlerin ze doen, déi näischt dem Zoufall iwwerléisst, déi weess, wat si wëllt, an déi d'Globalitéit vun hirem kreativen Output als Gesamtwierk versteet.

"When I Get Home" ass keen Album, dee sech opdrängt, et ass eng Invitatioun fir gutt nozelauschteren a fir mat an der Solange hiert Houston ze kommen. D'Stäerkt vun der Solange läit am Onspektakulären, am Understatement. Wie mengt, datt am Pop schonn alles probéiert gouf, an datt ee just nach mat Pomp a Plastik kann Erfolleg hunn, huet sech getäuscht. Et kann een hoffen, datt d'Approche op "When I Get Home" Schoul mécht.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Robert Forster - Inferno
Robert Forster - Inferno

En neien Disk vum Indie-Held vun Down Under, dee fir d'Opnamen den australesche mam Berliner Summer ausgetosch huet. Ee Museker, deen zwar net weltberühmt ass, mee als nationalen Treasure gefeiert gëtt.

Feels - Post Earth
FEELS - Post Earth

"Post Earth" vu Feels belount beim Lauschtere mat allem, wat gutt Musek brauch, mat einfache Rhythmen, Melodien a Gittare-Riffs a mat Raffiness vum Gesang vun der Shannon Lay um Mikro.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen