Gioachino Rossini E Komponist mat Humor

Eng aussergewéinlech Carrière: Den Gioachino Rossini huet mat 37 Joer entscheet an d'Pensioun ze goen a sech ganz op d'Kachen ze konzentréieren. Zu dem Zäitpunkt war hien de bekanntsten a bescht bezuelten Operekomponist aus Europa.

Luc Boentges

Rossini
Gioachino Rossini (Wikimedia Commons)

Wou de Rossini fënnef Joer al war ass den Napoleon an Italien amarschéiert. Dem Rossini säi Papp huet dat als Chance gesinn: Hie wollt een Italien nom Virbild vun der franséischer Republik. Well hie seng politesch Iwwerzeegungen ëffentlech gemaach huet, ass hien am Prisong gelant. Den Gioachino Rossini sot spéider, datt hien ouni déi franséisch Invasioun wahrscheinlech ni Komponist gi wier.

Dës Ausso houng domadder zesummen, wéi seng Mam - d'Anna Guidarini - hir Sue verdéngt huet. Nodeems hire Mann agespaart war huet si ugefaange professionell ze sangen. De Problem un der Carrière vum Anna Guidarini war allerdéngs, datt si zwar Talent hat, hir Stëmm awer ni richteg ausgebilt gi war. Séier huet si sech dowéinst iwwerugestrengt a konnt net méi genuch Sange fir d'Famill finanziell iwwer Waasser ze halen. Dat huet bedeit, datt de Rossini fir de Stot huet missen opkommen.

Vum Sänger zum Operekomponist

Dofir huet hien ugefaangen a Kierchen a bei Oprereproduktiounen ze sangen. Säi groussen Dram war et allerdéngs selwer eng Kéier Operen ze schreiwen. Deen ass am Alter vun 20 Joer an Erfëllung gaangen, wou hien eng Optragskompositioun vum Theatro San Moisè krut. Den Text deen hie vertoune sollt war weder gutt nach schlecht; en huet ganz einfach deem entsprach, wat ee vun enger duerchschnëttlecher Oper erwaarde konnt.

Wat bei dëser Produktioun awer immens ervir gestach huet war dem Rossini seng energetesch an humorvoll Musek, mat där hie säin éischte Succès feiere konnt. 1810 ass hien op Venedeg geplënnert, eng Staat an där hie vun Optragskompositioune quasi iwwerschwemmt gouf. Tëschent 1811 an 1812 huet hien an nëmme 15 Méint ganzer sechs Opere komponéiert.

Fir de Rossini schéngt dëst awer eegenen Aussoen no net ustrengend gewiescht ze sinn: Wann e sechs Wochen Zäit hat fir eng Oper ze schreiwen, dann hätt hie sech déi éischt véier Wochen einfach Zäit geholl fir sech z'amuséieren. Duerno hätt hie sech dann e puer Gedanken iwwert déi eenzel Theme gemaach. An an de leschten zéng bis zwielef Deeg hätt hien dann all Dag minimum een Air geschriwwen. Esou waren d'Operen all Kéiers zum Stéchdag fäerdeg. Säi groussen Duerchbroch hat hie schlussendlech mat der Oper "Tancredi".

Den Ufank war allerdéngs holperesch: D'Uropféierung huet während dem zweeten Akt missen ofgebrach ginn, well et der Prima Donna schlecht gi war. Dat selwecht ass och bei der zweeter Opféierung geschitt. Eréischt eng Woch méi spéit konnt d'Oper déi éischte Kéier komplett opgefouert ginn. De Succès war dunn awer esou grouss, datt se eleng zu Venedeg an enger Saison 15 Mol opgefouert gouf. Doriwwer eraus ass se international bekannt ginn a gouf an néng Sproochen iwwersat.

Detailer iwwert de Liewenswee vum Gioachino Rossini ginn et an der Emissioun vum 1. Februar 2017


Bekannt bis haut

Haut ass dem Rossini säi bekanntste Wierk "Il Barbbiere di Siviglia". Entstanen ass d'Oper als Optragskompositioun vum Teatro Argentina zu Roum. Den Zäitplang fir d'Oper war och fir de Rossini extrem kuerz. Den Cesare Sterbini huet den 18. Januar 1816 ugefaangen dem Pierre Augustin Caron de Beaumarchais seng Komedie "Barbier de Seville" an e Libretto ëmzeschreiwen a war den 29. fäerdeg.

Well d'Prouwe schonn de 6. Februar sollte sinn huet sech de Rossini immens missen tommelen. Hie selwer huet behaapt, datt en d'Oper an nëmmen 13 Deeg geschriwwen hätt. Dem Rossini-Biograph Herbert Weinstock no hätt et awer ëm déi dräi Woche gedauert dës Oper ze komponéieren. Sou oder sou, et ass eng erstaunlech Leeschtung.

Virum Succès e Fiasko

Obwuel de Rossini deemools schonn als Meeschter vun der komescher Oper ugesi ginn ass, ass de "Barbiere di Seviglia" bei der Uropféierung net gutt ukomm. Fest steet haut just nach, datt se e Fiasko war. Wat tatsächlech geschitt ass, dorëms dréinen sech esou vill Legenden, datt d'Realitéit haut net méi rekonstruéiert ka ginn. Déi wahrscheinlechst Geschicht ass déi, datt Fans vum Komponist Giovanni Paisiello - deen déi selwecht Geschicht vertount hat - dem Rossini seng Versioun als Affront ugesinn hunn. Dofir hu si d'Uropféierung esou gestéiert, datt kee méi eppes vun der Musek mat krut.

A senger Rossini-Biographie vun 1864 gëtt den Alexis Azevedo e ganz anere Grond un: Hie schreift, datt de Sänger Zenobio Vitarelli bei sengem Optrëtt gefall an op sengem Gesiicht gelant wier. Dorops hin hätt seng Nues fuerchtbar ugefaange mat bludden. Während déi eng sech super ameséiert an eng Widderhuelung vun där Zeen gefuerdert hätten, hätten anerer de Fall als Deel vun der Opféierung verstanen, a wieren iwwer déi brutal Inzenéierung schockéiert gewiescht. Zu Roum gouf dës Oper 1816 maximal siwe Mol opgefouert éiert se ofgesat gouf. Nodeems se allerdéngs den 10. August zu Bologna um Spillplang stoung, ass se e weltwäite Succès ginn.

Informationen iwwert dem Rossini seng bekannt Opere ginn et an der Emissioun vum 8. Februar


Deemools bekannt, haut vergiess

Eng Oper déi laang am Vergiess war, ass de "Guillaume Tell". Bekannt bliwwen war just d'Ouverture. Réischt an de leschte Jore konnt ee se nees vereenzelt op de Spillpläng entdecken. Dobäi ass d'Geschicht ronderëm d'Oper eenzegaarteg. Et ass nämlech dem Rossini seng lescht Oper. Net well hie kuerz drop gestuerwe wier, mä well hie sech dozou entscheet huet opzehalen Operen ze komponéieren.

D'Uropféierung vum Wilhelm Tell war den 3. August 1829 wou de Rossini 37 Joer al war. Zu senger Liefzäit gouf d'Oper op der ganzer Welt opgefouert. Datt se an de Vergiess geroden ass houng haaptsächlech domadder zesummen, datt se ëmmer nees verännert gouf. Esou huet den Tenor Adolphe Nourrit, dee bei der Uropféierung gesongen huet, verschidde Passagë vum Wilhelm Tell esou schwéier fonnt, datt en einfach zwee Airen ewech gelooss huet.

Well d'Oper esou laang dauert, gouf se doriwwer eraus ëmmer nees gekierzt. Schonn 1831 huet de Rossini se vu véier op dräi Akte reduzéiert. Trotzdem war se nach ëmmer esou laang, datt dacks nëmmen den zweeten Akt opgefouert gouf. Am Ausland gouf et wéinst dem politeschen Thema deelweis Problemer mat der Zensur. D'Oper handelt vum Befreiungskampf vun de Schwäizer ënnert der Leedung vum Wilhelm Tell géint d'Herrschaft vun den Habsburger. Bei der Opféierung zu Mailand hunn d'Habsburger dowéinst verlaangt, datt d'Handlung a Schottland verluecht gëtt. Déi éischt komplett Opféierung am 20. Joerhonnert war eréischt 1972 beim Maggio Musicale Fiorentino ënnert der Leedung vum Riccardo Muti.

Vergiessen Opere sinn de Sujet an der Emissioun vum 15. Feburar


"Der Magen ist der Kapellmeister"

Obwuel de Rossini nom "Guillaume Tell" keng Opere méi geschriwwen huet, huet en net mat komponéieren opgehalen. Esou vill wéi zu senger Zäit als aktiven Operekomponist huet hien allerdéngs ni méi geschriwwen. Seng nei gewonne Fräizäit huet hien dofir genotzt, fir enger anerer Passioun no ze goen: Dem Kachen. Mä och hei huet hien ëmmer nees Bezuch op d'Musek geholl. Säi Credo als leidenschaftleche Kach a Gourmet war:

"Der Magen ist der Kapellmeister, der das große Orchester unserer Leidenschaften regiert und in Tätigkeit versetzt. Den leeren Magen versinnblidlicht das Fagott oder die Pikkoloflöte, wie er vor Missvergnügen brummt oder vor Verlangen gellt. Der volle Magen ist dagegen der Triangel des Vergnügens oder die Pauke der Freude. Was die Liebe betrifft, so halte sie sich für die Primadonne per excellence, für die Göttin, die dem Gehirn Kavatinen vorsingt, die das Ohr trunken machen und das Herz entzücken. Essen, Liebe, Singen und Verdauen, das sind wahrhaftig die vier Akte der komischen Oper, die das Leben heisst und die vergehen wie der Schaum einer Flasche Champagner. Wer sie verrinnen lässt, ohne sie genossen zu haben ist ein vollendeter Narr."

Humorvoll bis zum Schluss

Datt de Rossini en Operekomponist war, huet sech awer net nëmmen a senger Philosophie iwwert de Mënsch an d'Kachen z'erkenne ginn, mä och a senge spéide Kompositiounen, déi hien ënnert dem Titel "Péchés de Viellesse" regroupéiert huet. Bekannt als gréisste Vertrieder vun der Opera Buffa - der witzeger Oper - huet hie säin Humor bis zum Schluss bäibehalen. Dat erkennt een un den Titelen, déi hien deenen eenzelen Deeler ginn huet. De véierten Album vun der Sammlung heescht zum Beispill: "Quatre hors d'œuvres et quatre mendiants". Déi véier hors d'œuvres bestinn aus de Stécker: "Réidercher, Anchoien, Cornichonen a Botter".

Gestuerwen ass den Gioachino Rossini den 13. November 1868 a senger Villa nieft Paräis. Iwwer 4.000 Leit waren op sengem Begriefnes a ronderëm déi Ganz Welt goufe seng Wierker opgefouert.

An der Emissioun vum 22. Februar erlieft Dir de Rossini an der Pensioun

Méi zum Thema

Philip Glass.jpg
Komponist vum Mount

De Philip Glass, eise Komponist vum Mount Januar, huet scho fréi eng Passioun fir Musek entwéckelt. De Wee bis bei de Succès war awer laang, an huet, ënner anerem, iwwert eng Plënnerfirma gefouert.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen