Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E lockeren a verdreemten Album

Big Thief - U.F.O.F.

E lockeren a verdreemten Album

Bei engem Titel wéi "Unknown Flying Object Friend" fäert ee scho mat iergendwellecher Weltraum-Esoterik konfrontéiert ze ginn. Mee wann ee mat Big Thief scho vertraut ass, da verschwannen esou Viruerteeler zimlech séier. Eréischt virun dräi Joer huet déi amerikanesch Formatioun hir éischt Plack "Masterpiece" erausbruecht. Mee Big Thief gëtt den Androck vun enger vill méi etabléierter Band. An nach ni hu si esou labber a locker geklongen, wéi elo op hirem neien Disk.

auto_stories

3 min

Big Thief bilden e vollstännege Grupp, dee lieft, otemt a sech als e Ganzt duerch Raum an Zäit beweegt. Dat ass Resultat nodeems si Joren zesummen op Tournée waren, wou déi eenzeg Konstant d'Bandmemberen selwer waren.

D'Adrianne Lenker ass am Mëttelpunkt

Si bilden eng rar Unitéit, déi ronderëm d'Frontfra Adrianne Lenker zentréiert ass. Eng Persoun mat engem onkonventionelle Parcours. Opgewuess an enger Famill mat engem staark spirituelle Papp, dee si zanter Jonkem an hirem Striewen no enger Carrière als Museker ënnerstëtzt huet.

D'Famill ass och ni op enger Plaz hänkebliwwen. Kuerz hu si an enger Aart Hippie Commune gelieft, déi sech spéider als Kult erwisen huet.

Eng aner Kéier hu si an engem Haus ouni Miwwel gelieft. Den Zoufall an d'Iwwerraschung schéngt der Adrianne Lenker hiert d'Liewen ze dominéieren. Sech mam Onbekannten ze befrënnen ass der Musekerin no d'Leitmotiv vum neien Album "U.F.O.F.". "Unknown Flying Object Friend".

En dynamesch Zesummespill

Den neie Big Thief Album ass méi poséiert, wéi hir viregt zwou Releasen. Vergläichbar mat der Frontfra Adrianne Lenker hirem Solo-Album "Abysskiss", deen am Oktober d'lescht Joer erauskoum. Zwee Titele vun dësem ginn och op "U.F.O.F." frësch interpretéiert.

Den Album gouf live am Studio opgeholl a kléngt deementspriechend locker a verdreemt, ouni datt d'Museker sech dobäi a Niewesächlechkeete verléieren. Een oder zwee Takes sinn duergaange fir dat dynamescht Zesummespill festzehalen.

Direkt beim éischten Titel "Contact" kommen engem liicht Stëmmharmonien entgéint, déi spéider a Kreesch a säfteg verzerrte Gittar iwwerginn. Déi akustesch Gittare bleiwen awer déi Kéier dominant. Big Thief sinn hei méi Folk, wéi Rock.

D'Bass Batterie Kombo bleift och immens diskret a fëllt d'Lücke vun den delikate gezupfte Gittaren. An d'Adrianne Lenker liwwert alt erëm mysteriéis Texter, déi sech mat Identitéit a Sënn beschäftegen.

Big Thief sinn hirem gewinnten äerdege Sound trei bliwwen, hunn dësen awer op diskret Manéieren ausgebreet. Eng kleng Nout vun engem Blosinstrument verleet engem Lidd eng weider emotionell Textur. Gespenstesch Synthien, Klackespill oder e liichte Chorus op enger Gittar, déi hei an do déi musikalesch Substanz transmutéieren.

"Unknown Flying Object Friend" ass schonn e passenden Titel fir dës melancholesch a perséinlech Musek. Den Enigma vum Weltraum spigelt sech iergendwéi dran erëm an d'Stécker schwiewe laang nom Lauschteren nach am Kapp ronderëm.