Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Mann tëschent Genie a Wansinn

Syd Barrett - The Madcap Laughs

E Mann tëschent Genie a Wansinn

Just zwee Solo-Wierker huet de Syd Barrett, Matgrënner vu Pink Floyd a musikaleschen Haaptafloss vun der Band hirer Ufanksphas, erausbruecht. Eng extrem kuerz musikalesch Karriär, déi enk mat massivem Drogekonsum ze dinn huet. Ufank Januar 1970 koum säi Release "The Madcap Laughs" op de Maart.

auto_stories

5 min

De Syd Barrett ass de Mann an d'Séil hanner dem Pink Floyd-Album "The Pipers at the Gates of Dawn", dee Museker, deen de psychedeleschen Touch mat an d'Band bréngt, an dee Bijoue vum brittesche Psych-Pop schreift wéi "See Emily Play" oder "Arnold Layne". De wichtege Mann also an den éischte Bandjoren.

Lysergsäierdiethylamid

De Barrett ass awer och deen, dee vill mat Illegalem experimentéiert a reegelméisseg ënner LSD-Afloss steet - eng Drog déi säi Liewen ëmmer méi an de Grëff hëlt. Bei deenen dräi anere Bandmembere stéisst dat, musikalesch Aflëss hin oder hier, op wéineg Géigeléift, besonnesch well de Barrett a senger Band-Aarbecht onzouverlässeg gëtt ... an dofir am Fréijoer 1968 de Sak kritt bei Pink Floyd. Um Album "A Saucerful of Secrets" ass hien just nach op dräi Stécker ze héieren, fir de Rescht gëtt hien duerch den David Gilmour ersat.

Ganzer zwee Solo-Albumme wäert hien dono erausbréngen, éier hien d'Musek fale léisst a sech mat Molerei a Gäertnerei beschäftegt. An dono, bis zu sengem Doud am Joer 2006 a senger eegener Welt lieft - "e Mann tëschent Genie a Wansinn", wéi seng fréier Bandkolleegen soen.

Kee Copy/Paste

Mam experimentelle Pink Floyd-Sound huet säin éischte Solo-Album "The Madcap Laughs" manner ze dinn, wéi een dat wéinst senger musikalescher Vergaangenheet konnt erwaarden. Et ass an etleche Stécker méi einfache Songwriting mat gemittleche Folk- a Pop-Sprinselen. Allerdéngs: e puermol héiert ee scho musikalesch Ausflich an al Floyd-Deeg eraus, besonnesch wann et ëm den deemools ugesote psychedeleschen Afloss geet - wéinst dem Barrett senger Liewensmanéier och weider net verwonnerlech!

Eppes soll een net mam éischte Solo-Albume vum Syd Barrett maachen: dëst Wierk onbedéngt mam méi experimentellen Debutalbum vu Pink Floyd vergläichen - deen zu groussen Deeler seng Handschrëft dréit -, och vun engem Verglach mat spéidere bekannte Wierker vun där Formatioun ass ofzegesinn.

"The Madcap Laughs" proposéiert - anescht wéi wuel vu villen erwaart - keng Kopie aus den Debutjore vun der Grupp, kee laange Space Trip oder Soundrecherchen un déi Mainstream geschiedegt Ouere sech musse gewinnen. Och wann e Grappvoll Stécker un de Floyd-Debut oder u seng Singele ronderëm d'Emily an den Arnold erënneren.

Prominent Ënnerstëtzung

Véier Produzente schaffen um Album, hie selwer paakt och eng Hand mat un - mee et dauert déck annerhalleft Joer bis déi 13 dacks kuerz Stécker an der Këscht sinn. Mat u Bord, wat d'Produktioun ugeet, sinn déi zwee fréier Band-Kolleegen Roger Waters an David Gilmour, déi allerdéngs parallel dozou um Pink Floyd-Album "Ummagumma" schaffen, an deem Prioritéit ginn. Den David Gilmour gräift bei der Noproduktioun an den Overdubs ausserdeem zu Gittar, E-Bass an esouguer eemol zu den Drumsticks.

Aner Assistenz: gläich dräi Membere vun der Band Soft Machine - experimentéierfreedeg an op fir Neies - si fir déi zwee Titelen "No Good Trying" a "Love You" am Studio: den Trio Hugh Hopper (Bass), Mike Ratledge (Keyboards) a Robert Wyatt (Drums). De Gros vun der Drummer-Aarbecht op den 13 Stécker assuréiert den Jerry Shirley - och dat e bekannte Gaascht, dee säi Metier soss beim Steve Marriott an der méi rockeger Formatioun Humble Pie ausüübt.

Et hätt ee bei all dësen Nimm global mat engem méi ausgeräiften, kompakten an ausgefeilte prog-Sound kënne rechnen - d'Usätz sinn e puermol do, mee et muss ee sech op dësem Terrain mat manner zefridde ginn.

Ups & Downs

Op "The Madcap Laughs" schéngt de Syd Barrett beileiwen net ëmmer an Toppform ze sinn: wuel si seng Songwriter Qualitéiten nach dacks do, dëst allerdéngs niewent méi duerchschnëttleche Kompositiounen, déi net fäerdeg kléngen, an et wuel bei der Opnam och net esou richteg waren. Dat selwecht gëllt fir deen een oder anere Gesangdeel ... obwuel de lässeg-coole Stil gutt bei de Personnage passt.

Zu de beschten Nummeren um Album - alles Eegekompositiounen - ziele fir mech déi, wou ugesote Psych an eng gewëssen Onbeschwéiertheet openee stoussen, wéi "No Good Trying", "Love You" an "No Man's Land".

Dat rouegt "Golden Hair" ass dat eenzegt Lidd, dat net integral Barrett signéiert ass, et ass seng Interpretatioun vun engem James Joyce-Gedicht. Mat "Octopus" an "Here I Go", fënnt een um Album esouguer Radio-frëndlech Popausflich - wat dach iwwerrascht!

Typesch fir de Barrett a säin deemolege Gemittszoustand ass, wann hien a seng eege schréi a manner hell Welt andaucht, wéi op "Dark Globe" oder "If it's in You" - mee schonn no e bëssi méi wéi zwou Minutte ginn dës Kompositiounen op en Enn: schonn interessant, mee an der produzéierter Manéier erënnere se een u sougenannt häiteg Demo Versiounen, aus deene méi erauszeschloe gewiescht wär.

Och seet d'Fro "Wouldn't you miss me at all?", am Lidd "Dark Globe" wuel esou munches iwwer säi Séilenzoustand no der Trennung vu Pink Floyd aus.

1, 2 ... an eriwwer

E Museker wéi de Syd Barrett genéisst bei ville Kultstatus. Bis haut. Musikalesch sécherlech zu Recht, wéinst senge Qualitéiten an den Ufanksdeeg vu Pink Floyd, wéinst sengen éischten duerchduechte Kompositioune fir dës Band, wéinst dem Pipers-Album, dem Emily an dem Arnold.

E Stéck vläicht och wéinst senger verréckter LSD-Welt, déi de jonke Museker ëmmer méi mat ewech hëlt: de Barrett ass eng Zort trageschen Held, deem een hëllefe wëllt, vun deem jiddweree seet "do war méi dran". De "Madcap"-Album huet Hoffnung op méi an op méi Ausgefalenes gemaach - den Nofolger "Barrett", och 1970, huet een awer dach zimmlech hongreg zeréckgelooss. Dono war definitiv Schluss, op d'mannst mat der Musek.

Mäin Androck vum "Madcap"-Album mat sengen 13 Kompositiounen: eng Partie dovu sinn éischter duerchwuess, anerer weisen d'Talent, dat de Barrett ouni Zweiwel hat. A senger kuerzer Pink Floyd-Karriär war hien als Sänger, Gittarist a Komponist musikalesch ganz uewen. Mat sengen zwee Soloalbumen ass hien e Stéck manner héich geflunn.