Radioen

On air

De Weekend  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E musekaleschen Trip

Fat White Family - Serfs Up!

E musekaleschen Trip

Fat White Family sinn zeréck. No Drogeproblemer, Streidereien an engem geplatzenen Deal mam Label PIAS huet een dräi Joer näischt vun der britescher Band héieren. E Freideg koum hiren neien, drëtten Album "Serfs Up!" eraus. Dat ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Si sinn zwar wäiss a wahrscheinlech och eng Zort Famill, awer fett si si definitiv net. Am Géigendeel. Fat White Family si bleech a gouereg Borschten, déi engem bal schonn Angscht maache mat hirem ongesonden Äusseren.

Datt all d'Bandmembere Problemer mat Drogen hunn, doraus maache si kee Geheimnis. Dat wier och de Grond, firwat si vu London op Sheffield gaange wieren, fir um drëtten Album ze schaffen. Fir vum wäissen a bronge Pudder ewech ze kommen, fir sech en eegene Studio kënnen ze leeschten, a fir sech op d'Musek kënnen ze konzentréieren.

Eng Finanzsprëtz vum neie Label Domino huet et hinnen erlaabt, sech neit Equipement unzeschafen. Virun allem elektronesch Instrumenter. Dat fält direkt op, beim éischte Lauschteren.

E richtege musekaleschen Trip

Musikalesch ass Serfs Up! schwéier ze faassen, well a stänneger Verännerung. Et ass méi Pop dran, wéi op deenen zwee éischten Disken. Et ass méi Elektronik dran, awer och méi Chéier, Bléiser, Uergelen.

Et stieche vill Referenzen u Post-Punk dran, un Acid House, Madchester, Rave-Kultur, psychedelesche Rock a souguer Disco, wéi um grandiosen Opener "Feet" mat senge grousse Sträicher-Arrangementer am Refrain. D'Grenzen zum Wahnsinn schéngen ni ganz wäit ewech.

Deen neie Longplayer ass deen éischte wierklech psychedeleschen Album vu Fat White Family. Et ass ee richtege musikaleschen Trip mat honnert verschiddene Facetten a Layeren. Et héiert een einfach de Studio, deen als grousst Instrument benotzt gëtt.

Immens Tensioune bannent der Band

Mee wie sinn iwwerhaapt Fat White Family? Op Bandfotoe si si mol zu dräi , mol zu fënnef, zu sechs oder zu siwen. De Kär vun der Equipe sinn de Sänger Lias Saoudi, säi Brudder Nathan un den Tasten, an de Gittarist Saul Adamczewski. Datt et bannent dësem Trio immens Tensioune ginn, och nodeems den Album fäerdeg ass, gëtt an engem Interview mat der online-Publikatioun The Quietus däitlech. Dee liest sech wéi en tragesch-komescht Theaterstéck.

Groussbritannien huet eng Geschicht mat Gruppen, déi trotz Drogen, Skandaler, Kommunikatiounsproblemer an Aggressivitéit genial Placken erausbruecht hunn. Stone Roses, Happy Mondays, Primal Scream a sou weider. Fat White Family kann een och zu dëse Bands zielen. Wahrscheinlech wier hiren Album manner intensiv a manner spannend, wa si just Waasser géifen drénken, Yoga maachen a mam Hond trëppele goen. Hoffentlech packe si et, fir der nach e puer ze produzéieren.

Et gëtt och spannend ze gesinn, wéi d'Museker dat epescht Wierk wäerten op d'Bühn bréngen. Dovunner kann ee sech den 13. Juli e Bild an der Kulturfabrik maachen.