Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thievery Corporation - Lebanese Blonde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E perséinlecht Wierk, dat deemools keen Nerv getraff huet

Shuggie Otis - Inspiration Information

E perséinlecht Wierk, dat deemools keen Nerv getraff huet

De Shuggie Otis - eng musikalesch Figur, déi a Vergiessenheet geroden ass. Dofir kucke mir dës Woch op säi 74er Album "Inspiration Information" zeréck, deen dëse Mound 45 Joer feiert. Den Jamie Reinert stellt Iech de Mann an den Album vir.

auto_stories

4 min

De Shuggie Otis kennt een haaptsächlech wéinst sengem Lidd "Strawberry Letter 23". Net seng original Versioun mee déi vun den Brothers Johnson.

Plaz 5 op de Pop Charts 1977. De Shuggie Otis huet et selwer ni bis an d'Top 10 gepackt, a 74 ass seng Musekscarrière a villen Hisiichten op en Enn komm. Den deemools 21 Joer alen amerikanesche Museker hat dräi Joer am Studio verbruecht a kuerz no der Release huet Columbia Records hie wéi eng waarm Gromper fale gelooss.

"Inspiration Information" ass e perséinlecht Wierk, dat deemools keen Nerv getraff huet. Eng zäitlos Plack mat vill exzentreschem Groove. Eréicht 2001 wou den David Byrne vun den Talking Heads den Album frësch verëffentlecht huet, gouf de Shuggie endlech fir säin Talent, seng Visioun geéiert.

De Shuggie Otis koum den 30. November 1953 zu Los Angeles op d'Welt. Säi Papp war de legendären R'n'B a Rock'n'Roll Bandleader "Johnny Otis" dee seng eegen Tëleessendung an de 50er hat. E Mann mat griicheschen Originnen. Seng Mamm hat philippinnesch an afro-amerikanesch Wuerzelen. Si huet hire Fils "Shuggie" genannt. Eng Ofkierzung fir "Sugar".

Säin Talent op der Gittar huet sech fréi bemierkbar gemaach. Mat eelef Joer stoung en nieft sengem Papp op der Bühn. Anscheinend huet e missen e falsche Schnutz iwwert seng Lëpse pechen an en donkele Sonnebrëll undoe fir kënnen onbemierkt spéit an de Bistroen ze spillen. Mat 16 huet en du mam Frank Zappe musizéiert. Als Bassist. Et héiert hien ënnert anerem um skurrille Stéck "Peaches En Regalia" vun 69.

All dës Experienzen hu säi musikalesche Geescht gefiddert. "Information Information", verëffentlecht wou en 21 Joer hat, ass en eklektescht R'n'B Soul Wierk mat ville verdréinten zockerege Momenter.

"Inspiration Information" ass iwwer dräi Méint entstanen. Tëscht 71 a 74. An engem klengen Home Studio dee Columbia Records him anscheinend gebaut huet. Säi Papp, de populäre R'n'B Museker Johnny Otis huet d'Plackefirma dozou iwwerriet.

An de Shuggie Otis huet sech eleng an dëse Produktiounsuert zeréckgezu fir u sengem éischten, wierklech autonome Wierk ze schaffen. En hat réit 21 Joer an déi zwou viregt Placke goufen all zesumme mat sengem Papp produzéiert. Déi kéier huet hien all Roll selwer iwwerholl. Ausser de Sträicher, de Blosinstrumenter an der Harf huet hien alles mat sengen eegenen Hänn agespillt.

Hien huet sech mat laangen instrumentalen Interluden an Introen ameséiert. Seng lo-fi an experimentell Approche héiert een hautdesdaags bei engem Blood Orange eraus. Wéi hei um Shuggie sengem "Happy House". Den Ufank dovunner kéint grad esou gutt vun haut sinn, an net vu 74.

Op "Inspiration Information" kënnt d'Rhythm King Drum Machine gutt zum Virschäin. Eng elektronesch Rhythmus Këscht déi deemools dacks op Uergelen ze fanne war. E primitiven Apparat, mat 18 Rhythmen déi ee weider net programméiere konnt. U sech war d'Drum Machine net méi wéi en opgespeckte Metronom. Deen artificiellen Toun war vum Effekt hir kitscheg an abstrakt. Awer och iergendwéi waarm a charmant. Dem Sly Stone & The Family Stone hirt 71er Lidd "Family Affair" ass eng vun den éischten Opname wou een d'Rhythm King héiert. Ganz frech am Hannergrond. Wéi och um George McCrae sengem 74er Hit "Rock Your Baby".

De Shuggie Otis huet d'Rhythmus Këscht mat Gusto op "Aht Uh Mi Hed" agesat. Eng labber an iergendwéi bizare Ballade. Wonnerschéin orchestréiert, mat ausgefalene instrumental Passagen.

"Inspiration Information" huet am Oktober 74 keng Welle geschloen. Dem Shuggie Otis säi Wierk war wéinst dem psychedeleschen Afloss nach ëmmer staark an de 60er verankert. Anerersäits war déi experimentell a labber Soul Produktioun hirer Zäit viraus.

Columbia Records hate sech méi erwaart. Et war hinnen ze vill gelungen. An déi dräi Joer Produktiounszäit hu sech net als profitabel erwisen. No der Release hu se de Shuggie Otis ganz einfach fale gelooss.

No "Inspiration Information" huet ee gutt 40 Joer laang näischt méi vum Museker héieren. Eréischt d'lescht Joer huet e sech mat engem neien Album zeréckgemellt. Plackefirme waren net méi u senger Musek interesséiert. An Offere vun de Rolling Stones oder David Bowie als Gittarist anzesprangen huet en ofgelehnt.

Säi Liewen hätt sech sécher anescht kënnen ausspillen. Mee de Shuggie Otis huet ebe seng eegen Zooss gekacht. "Inspiration Information" huet senger Carrière vläicht en Enn gesat. Mee dëse musikalesche Statement wäert Generatioune weiderhin inspiréieren an informéieren.