Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E positive Bilan vum Sonic Visions

Museksindustrie

E positive Bilan vum Sonic Visions

De Sonic Visions soll Musekerinnen a Museker hëllefen, fir an der Museksindustrie weiderzekommen. Déi zwieleft Editioun vum Festival war e Succès, soen d'Direktere vu Music:LX a vun der Rockhal.

auto_stories

2 min

"D'Location ënner den Héichiewen huet eis eng véierte Kéier enorm zougespillt", seet den Direkter vun der Rockhal, den Olivier Toth. Hien hätt dee ganze Festival iwwer Komplimenter kritt fir d'Ambiance an de fréieren Industriegebaier.

Hie géif hoffen, datt de Festival och d'nächst Joer nees op deem Site kéint stattfannen. Dat géif vu ville Facteuren ofhänken. An engem Deel vum Haaptgebai sollt zum Beispill iergendwann e Restaurant opgoen.

Foto: Tammy Schuh

37 international Professioneller aus der Museksbranche wieren op Invitatioun vu Music:LX um Sonic Visions gewiescht, seet den Direkter vum Exportbureau, den Giovanni Trono. "Déi sinn all ganz frou mat der Organisatioun a mam Site." Si géife begréissen, datt den Event sou kleng wier. Doduerch kéint ee sech gutt op de Business konzentréieren, an et géif ee keng Concerte verpassen.

Et wier d'Roll vu Music:LX fir déi Leit op d'Concerte vun de Lëtzebuerger Gruppen ze kréien. De Feedback wier och do ganz positiv, seet den Giovanni Trono.

November Rain?

Vill Visiteure kritiséieren, datt de Festival am November ass. Et wier net einfach fir en aneren Zäitpunkt ze fannen, seet den Olivier Toth. Et hätt trotz Keelt e gewëssene Charme. Et misst ee sech eben anescht undoen. Tomorrowland hätt och zanter zwee Joer en Event am Wanter op der Alpe d'Huez.

Als Duerchbroch fir d'Rockhal bezeechent den Olivier Toth e Programm fir jonk Artisten aus ganz Europa vun der European Arenas Association, deen um Sonic Visions presentéiert gouf. D'Associatioun, an där 35 grouss europäesch Concertssäll vertruede sinn, hätt sech vir geholl, als Pilotprojet ee Joer laang Optrëtter fir Artistes émergents ze schafen. "Vläicht gëtt et d'nächst Joer eppes doriwwer ze zielen."