Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E réit a magescht Zesummespill

Night Dreamer Direct-To-Disc Sessions

E réit a magescht Zesummespill

Keng Postproduktioun, onnéideg Takes oder Gekniwwels. De Seu Jorge a Rogê sinn ouni Kappzerbrieches un hir éischt offiziell Collaboratioun erugaangen an hunn op eng äusserst direkt Manéier e puer Lidder opgeholl. Den Häre vu Rio de Janeiro hir "Night Dreamer Direct-To-Disc Session" ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

De Seu Jorge kennt ee vläicht als de sangende Matrous am Wes Anderson sengem "The Life Aquatic with Steve Zissou". Dee Mann, deen an dësem exzentresche Film dem David Bowie seng Hits op portugisesch gecovert huet. De réie Charme huet hien och op senger neier Collaboratioun mat sengem Landsmann Rogê afléisse gelooss. E weideren Ambassadeur vum Samba.

Verschidde Liewensëmstänn

Déi zwee kenne sech schonn eng Zäitchen. Allebéid sinn zu Rio de Janeiro grouss ginn, awer a ganz verschiddenen Ëmstänn. De Seu Jorge war laang op der Strooss an huet sech duerch d'Favela geschloen. De Rogê ass a méi gléckleche Konditioune grouss ginn. D'Musek huet déi zwee zesummebruecht a 25 Joer spéider ass elo déi éischt offiziell Zesummenaarbecht eraus.

Am August 2019 si si zu Haarlem bei Amsterdam an de Studio vum Label Night Dreamer gaangen. E Label, deem seng Philosophie et ass de Moment selwer esou direkt wéi méiglech festzehalen. Et héiert een de Seu Jorge & Rogê um Gesang a Gittar, awer och d'Perkussioniste Peu Meurray a Pretinho da Serrinha.

Wäermt a Perséinlechkeet

Déi siwe Stécker goufen direct-to-disc opgeholl. Eng Technik vu fréier, wou d'Musek direkt op eng Acetate-Plack ageritzt gëtt. Déi zwou Säite vum Album hunn dofir och misse jeeweils an engem Coup opgeholl ginn. Den natierlechen, akustesche Klang an dat réit a magescht Zesummespill sinn esou erhale bliwwen. Et héiert ee wéi d'Museker ootmen, emol houschten, sech um Stull beweegen an ënnertenee gecksen. Non-musikalesch Niewesächlechkeeten, déi d'Mënschlechkeet vum Spill ënnersträichen.

Dem Seu Jorge seng déif a breet Stëmm fënnt e schéint Géigebild an där vum Rogê, deen an engem méi héije Register doheem ass. Si sangen iwwer Frëndschaft, Léift an hir Heemecht, déi si mëttlerweil verlooss hunn. Elo liewen déi zwee zu Los Angeles a genéissen do hir nach-net-50.

Hir "Direct-To-Disc Session" ass eng intim an zäitlos Produktioun mat vill Loft a Raum. En Album, dee vill Wäermt a Perséinlechkeet ausstraalt.