Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Sound, wéi Wellen aus däischterem, pechegem Hunneg

"The OOZ" vum King Krule

E Sound, wéi Wellen aus däischterem, pechegem Hunneg

Dem Englänner Archy Marshall, alias King Krule, säin Album "The OOZ" mat 19 Tracks ass eng hybrid-intim Jazz-Trip-Hop Plack, déi, wéi alles wat verféiert, ambivalent hir Gestalt ännere kann.

auto_stories

4 min

E Sound, dee sech duerch alles duerchschlängelt: Den neien Album "The Ooz" vum King Krule (Foto: Frank Lebon)

"OOZ" ass eent vun deenen onomatopoetesche Verben, wéi se fir déi englesch Sprooch esou typesch sinn: Vun "tap" iwwer "crackle" bis zu "bubble", "sizzle", "whirl" a "grumble". An dësem Fall beschreift dat Wuert d'Aktioun vun enger déckflësseger Substanz, déi relativ liddereg aus iergendeppes eraustrëtt oder fléisst. Esou wéi Lava vläicht aus engem Äerd-Orifice erausleeft, Eeter aus enger Wonn oder Charme aus de Pore vun der Haut.

Vun "OOZ", eisem Album vun der Woch vum britesche Songwriter Archy Marshall alias King Krule, kann een dëst zum Beispill soen. It oozes Charm.

66 Minutte laange Stroum vun Toun

Mä och déi méi desagreabel Konnotatioune vum dësem Titelverb treffen op den Album zou a soen eppes iwwert déi Aart a Weis, wéi e "mäandert", respektiv sech duerchschlängelt, aus der Déift erop blubbert an am Allgemenge fléisst. Sicht Iech um Museksplayer vun ärer Wiel ee vun deenen 19 Tracks zoufälleg eraus, soe mir eent aus der Mëtt an Dir sprangt net an e proppere Song-Ufank, mä an de liicht chaoteschen Iwwergang oder Weiderfloss vun engem 66 Minutte laangem Stroum vun Toun.

Perséinlech konnt ech net widderstoen "The OOZ", eemol ugefaangen, an engem Stéck an a ganzer Längt ze lauschteren an z'appreciéieren, wéi organesch sech den déckflëssegen Teppech wandelt.

Den Zäitgeescht vun eisem Moment

Mol rullt en als smoothen oder punkeg-hallef-disharmonesch schifen Jazz dohin. Eng aner Kéier fléisst en als lidderegen Hip Hop, als Rock oder elektronesch, däischteren Trip Hop a Wellen aus Hunneg dohier. Guidéiert gëtt deen Toun vun enger déiwer Stëmm, déi rätselhaft tëscht distant an intim wiesselt: mol steet en an der Mëtt direkt virum Ouer, eng aner Kéier geet e genervt eng Taass Kaffi drénken. Dobäi verféiert e wéinstens genee esou, wéi déi héich originell Produktioun.

Et schéngt es, wéi wann d'Kompositioun, am Sënn vun Zesummesetzung, genee wéi an deem vun der Ecriture, den Zäitgeescht vu genee dësem - eisem - Moment distilléiert.

Perséinleches verschwëmmt mat Politeschem

D'Ellipse ass de "maître mot." Esouwuel vun der Musek, wéi och de Lyrics. Esou, wéi wann ëmmer méi Informatioun géif ambient ronderëm schwammen, wéi ee kann absorbéieren: D'Tracks halen einfach onverhofft op, wéi onverständlech politesch Nouvellen, déi d'Kontinuitéit vu Joerzéngten mat onbetraffener Hand iwwert de Koup geheien.

D'Rhythme wiesselen dacks net-previsibel an dach ouni vill Zirkus oder Annonce. Organesch an jazzeg Instrumentatiounen hale sech d'Wo mat digitalen Effekter a Verfriemtem. Perséinleches verschwëmmt mat Politeschem a verléiert sech dann erëm ganz an enger Konfessioun.

De King Krule ass doranner eemol Mann, eemol Fra, eemol ee mysteriéise Kadett, eemol eng Persoun, déi den Archy Marshall kéint sinn. Vum Opener "Biscuit Town" bis zum grousstädtesch-burleske Closer "La Lune," ass dem King Krule säi Meeschterwierk eng surreal Rees, déi den Nolauschterer ouni Effort tëscht villen Niveauen ofwiesselnd mat der Hand hëlt an och regelméisseg eleng am Ree stoe léisst. "Half Man Half Shark," wéi den Titel vun der 15. Plage et ausdréckt, huet "The OOZ" eppes beängschtegend an deguelasse Hybrides, wat d'Ouer op erwuessen an ambivalent Aart a Weis a säi Bann zitt.

De Bluewave-Genre gouf gebuer

Och am Auteur senger eegener Carrière spigelt sech déi widderspréchlech Urgence an onbequem Onbefaangenheet vun dëser Musek erëm. Dat Ganzt an der Form vun identitärem Shapeshifting. Den Archy Ivan Marshall gouf 1994 zu London gebuer an huet mat 19 Joer ënnert dem Pseudonym Zoo Kid säin éischten Extended Player opgeholl. Hien huet säin eegene Genre definéiert an e Bluewave, genannt d'EP dogéint "UFOWAVE," huet sech dunn onverhofft op engem Concert zu Hyères a King Krule ëmgedeeft an dat selwecht Joer eng zweet EP ënnert dësem Numm erausginn, dee vum Elvis Presley sengem Film "King Creole" inspiréiert soll sinn.

Säin Debut Album "6 Feet Beneath The Moon" koum 2013 op XL Recodings eraus - e Label, deen eng Qualitéitsgarantie verkierpert. Genee, wéi aner Zeeche vun Appreciatioun fir seng Musek - ee Gaaschtspill an der "Letterman Show" zum Beispill an eng Tour an den USA. Während dëser ganzer Zäit hu Singelen hire Kapp aus der Mass erausgestach.

Musikalesch ëmgesaten an ausgefeilten Expressioun

Vu Leit wéi "DJ JD Sports", "Edgar the Beatmaker", "Edgar The Breathtaker", "Lamslacks an The Return of Pimp Shrimp", hannert deene sech, wéi Dir et sécher geroden hutt, ëmmer de Marshall verstoppt huet. Op "The OOZ" fënnt säi Spill mat der Duplicitéit - mat selwecht an anescht an dach ähnlech an dann awer net - seng musikalesch ëmgesaten an ausgefeilten Expressioun.

"The OOZ" vum King Krule ass den 13. Oktober 2017 op "XL Recordings" erauskomm a krut bal iwwerall - ausser am Guardian - draamhaft Ratings a Kritiken.