Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Sumpf vu Méiglechkeeten a Fräiheeten

Mega Bog - Dolphine

E Sumpf vu Méiglechkeeten a Fräiheeten

"Dolphine", de fënnefte Longplayer vun Mega Bog, exploréiert déi mythologesch Iddi, datt e puer Mënschen am Laf vun der Evolutioun net u Land gaangen, mee am Waasser bliwwe sinn. Musikalesch iwwersetzt sech dat an eng Akrobatik vu Genren, déi a villen Hisiichten ze begeeschtere weess.

auto_stories

2 min

Mega Bog ass de Kënschtlernumm vun der Kalifornierin Erin Birgy, an "Dolphine" ass hire fënneften Album an deen éischten op hirem neie Label Paradise for Bachelors. Dat sinn déi haart Fakten, déi een zu dësem Album verléiere kann. Vun do u gëtt et allerdéngs méi kniwweleg, well dëse Leftfield Pop wierklech net einfach a Wierder ze zwéngen ass. Mega Bog heescht iwwersat risege Sumpf, an d'Musek um Disk hält dat Verspriechen: Si fillt sech mega sumpfeg un, am Gudden natierlech.

Den Titeltrack "Dolphine" endegt an engem Glënneren, wat d'Reflexioune vun der Luucht ënner Waasser evoquéiert. En handelt vum Mythos, datt e puer Mënschen am Waasser bliwwe sinn, an zwar als Delfine fir déi däischter Onendlechkeet am Mier ze duerchfuerschen. Der Erin Birgy hir Texter ginn ni wierklech konkret an ziele keng linear Story, vill méi schafft si mat Associatiounen, déi net seele bizare sinn, am Gudden natierlech.

Ënner anerem mam Track "Diary of a rose" fanne sech um Album Referenzen un déi d'lescht Joer verstuerwe Science-Fiction-Autorin Ursula K. Leguin. Iwwerhaapt beweegen all d'Lidder sech a Sphären, déi rational net ze begräife sinn. Ganz passend dozou ginn et eng Rei Momenter um Disk, déi un de Prog Rock vu Pink Floyd oder vun der Kate Bush erënneren. Heiansdo rënne Klarinetten oder Uergelen dee soss klassesche Band Line-up of.

En onberechenbaren, emotionalen Disk

Dat lescht Stéck "Fwee Again" kënnt zwar ouni Gesang aus, mee kann als Zort Urschrei verstane ginn, well et wéi en Neiufank kléngt an dozou verleet, den Album direkt nach eng Kéier vu vir un ze lauschteren. Wann ee Concertskritike vu Mega Bog liest, da gëtt d'Erin Birgy dacks als immens emotional an onberechenbar beschriwwen. Dat kann een och vun dësem Disk behaapten. Am Gudden natierlech.

Mega Bog beméit sech net ëm stilistesch Kohärenz, an trotz dem Chaos kléngt "Dolphine" iwwerraschend eenheetlech. D'Erin Birgy walzt d'Grenze vum Indiepop no alle Richtungen aus a lieft déi artistesch Fräiheet aus, vun där anerer just dreeme kënnen. Interessanterweis fënnt si trotz der eklektescher Stilmëschung een eegene Flow, deen ee wéi eng riseg Well einfach matrappt, am Gudden natierlech.